Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tour en ville -1-

 
All Fotoen an dëser Serie:
47528 Thumbnail
47529 Thumbnail
47530 Thumbnail
47531 Thumbnail
47532 Thumbnail
Tour en ville -1-
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.04.2022
  • Gekuckt:
    11555
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
    1.4.2022
  • Fotoapparat:
    Konika Electron
  • Objektiv:
    Hexanon 45mm 1:1,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Rollei RPX 400
Adox F 39

Fir anzesetzen: [pg_img=91944]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hat bei eis an der choul am Schaf am Sall vun der Fotooptioun di Konika Electron hei fonnt a wéi ech du fir ze testen eemol an d Blannt ra fotograféiert hun fir ze kucken, ob séch de Rewinder beim Spaanen dréint, dunn huet deen dach tatsàchléch séch bewegt. Du wosst ech, datt ech do dat läscht Semester engem Schüler ee Film dragemaach hat, an irgendwéi ass den Apparat dun a vergiess geroden. Dunn hun ech geduecht, et wier nit vu Muttwëll, dee Film mol ze verknipsen, a well ech grad an der Stad war, sin ech dunn einfach kurzerhand mol op den Tour en ville gaangen. Hei si 4 Fotoen vu Plaazen, déi beléift sin/waren an hannendrun nach eng Foto vun der Kamera. Dat ass eng komesch Këscht, well si d'Zäit automatesch der Blend an dem ISO-Wert vum Film upasst
gemu 02.04.2022 - 22:28
Richteg vintage mat dem ville grain an den Imperfektiounen vum Objektiv, gefällt mer excellent wéi aus engem ganz ale Buch, besonnesch di Opnaam aus dem Gronn. Däi Bildopbau vum Grand Café wou ech mer och scho puer Gedanke driwer gemach hat wéi een dee kéint festhalen fannen ech ganz gelongen an am richtege Moment ouni Blieder erwëscht.
Nicon07 03.04.2022 - 08:28
Merci, Georges.

Et ass awer net sou evident, mat der Konika do ze cadréieren. De Parallaxefeeler ass dach schon zimmléch hefteg. Ech schécken dir eng Mail mat enger Foto, wou dat flagrant ass. Dofir sin ech frou, wann ech d'Cadragen hei geroden hun. smile
gemu 03.04.2022 - 11:27
De Parralaxefeeler ass awer Krass wéi ech op denger Foto vum Cercle an dengem mail gesin hun, dofir get awer elo e Fav fir d'Resultat vun de Biller mat DAER Këscht déis du hei eropgelueden hues déi ech mer awer ëmmer muss ukucken dee vintage look ass exemplaire, besonnesch dei am Gronn, wei den Tom daat och bemierkt huet
Nicon07 03.04.2022 - 18:25
Zwee Mol Merci, Georges. Datts du di Serie hei favoriséiers, mécht mir vill Freed.
Nicon07 03.04.2022 - 18:28
Vläicht as de Vintagelook jo och d Resultat vum Adox FX-39. Du weess jo, Datt ech ëmmer mat Film-Entwéckler-Kombien experimentéieren.
tormi 03.04.2022 - 09:27
Salut, eng flott Iwweraschung gudd ausgenotzt. D'Liquid-Bild ass fier mech den Top, en Vergleichsbild vum Grand Café am horizontalen wier och interessant gewiecht.
Nicon07 03.04.2022 - 10:20
Merci, Tom.

De Grand Café ass wirkléch eng Erausfuerderung fir ze fotograféieren. Ech muss da mol di nächste Kéier et queesch probéieren. smile

Schéine Sonndeg!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 487 Gäscht online