..Buergsonndeg ass entretemps passé an d'Buergen uechter d'Land verbrannt, mäi de Wanter gët sech esou séier nach net geschloen.
Impressioun aus der Halerbaach.
...NoGoArea..??? Vum Gronhaffer-Schlass erop kanns de dach praktesch der ganzer Halerbaach 'bis op ee klengen détour' wou nach wéinst deem leschten Héichwaasser gespart ass nogoenën.
Dat hei wor dee leschten Dënschdeg no e puer fraschtegen Nuechten.
Merci Nico fir däi Kommentar.
Dann hat ech deemols (Ufank Februar), just grad dat Stéck erwëscht, wéi mir dee laange Beeforter Tour bis op de Point de vur op d'Sauer an de Grondhaff an duerno laanscht d'Haalerbaach an d'Haupeschbaach hannescht gewandert sin. Mol dovunner ofgesin, datt ech deemols Leit gesin hun, déi séch kengesfalls un der Ofspärung gestéiert hun. Da muss ech dann nach eemol dohinner, fir ze kucke, wéi et lo do as.
Ech denken dat sech säit Ferbruar bis elo näischt verännert huet, déi gesparte Passagen vum Wanderwee si scho bal zwee Joer zou. Bon, dee flachen Deel lanscht Waasser wou jo mat absolut kenger Gefor verbonnen ass ignoréieren ech zwar och a wanderen einfach dem Waasserlaaf no.
Eben. Ech hun deemol och net verstan, firwat do gespart ass. Mais ech denken, ech si just dee manner spektakulären Deel vun der Haalerbaach do gaangen. Jo, ech muss zu ménger Schan zougin, datt ech d'Haalerbaach net wirkléch kennen. Dat léist séch zwar änneren.