Dat mécht keen dir falsch. Gott sei Dank funktionnéieren di Saache jo och nach am 21. Jhdt. Dat kann een net vu ménger D70 vun 2006 a ménger D80 vun 2010 soen. Grad sou wéineg funktionnéiert mäin 28-70mm f/2,8 aus der selwéchter Zäit, well weder Nikon dee reparéiere wëll, nach soss ee, well et keng Stécker mi gëtt a well deen eben Elektronik dran huet. Obsolence programmée eben!
Flott! Ech hun och ee Primaner hei, dee séch well ganz aktiv beméit, fir am Hierscht zu Wien dierfen Architekturstudien unzefäken. Mol kcuke, wat dorauser gëtt.
Weess du, dee Groussen ass am 3. Joer Bachelor op der ETH fir Physik. Mir hun deenen zwee gesot, wa si am Ausland besser ënnerdaag komme, wi an eisem "Buttek" hei, da solle si do bleiwen. Demno hu mir keng Angscht, wann een oder di zwee an enger vun den "Alperepubliken" hiert Gléck fannen.
Mais ech muss eppes soen: ech hun do méng A1 flécke gelooss, an déi geet elo neess wéi 1978, wéi ech fir d%u2019éischt den Ausléiser dovunner gedréckt hun.
Interessant, jo soss hate mir an der Staat um Glasi den .... hëllef mer dach ...aua Alter ass näischt Schéines, an zu Péiteng de Beaulieu déi mechanesch nach konnten.