Dat do ass mir dach awer elo neess eng wëllkomme Geleeënheet, fir ze fabuléieren. Ech hale méch awer haut kuurz:
D'Feiler weisen an di zwou Richtungen, mais de Revers aus pavé an der Mëtt vun der Strooss weist dach eendeiteg, datt alles an der Mët zesummeleeft. A wann ech dat gutt gesin, ass de Gulli bal uewen un Bord vun der Foto, sou datt dee Wee do mol mat grousser Wahrscheinléchkeet no uewen hi biergof geet. Dat heescht, di Feiler si just fir schéin ze maachen, a Wirkléchkeet geet alles d'Baach an.
Mais fir op däi vermeintléche Choix zréck ze kommen: egal, wéi ee wielt, et leeft widdert de Borduressteen resp. de Bord vun der Foto. An den hors cadre hei ass gro.