Analog, ech hun et jo scho bei degem Stierchen geschriwwen, ass zäitlos, also ass et egal, ob et mat engem Apparat deen 2004 rauskomm ass an deen 2020 fir d läscht kommerzialiséiert gin ass (m?in ass also ee vun deene läschten... ) oder mat enger Leica M3 aus den 1930er Joeren fotograféiert gin ass.
Daat haat ech lo net mat krit dat d'F6 dem Covid zum Affer gefall ass an 2020 aus dem Programm geholl gouf, da bleiwt just nach Leica mat hierer MP oder MA an der Produktioun, (ausser Lomo etc mee daat ass éischter fir ze Spillen)
Ech och net... Ech hat mir méng jo am Fréijoer fir mäi Gebuertsdag "geschenkt", do hat ech schon extra bei Nikon op der Internetsäit gekuckt, ob et se iwwerhaapt nach géing nei gin, an do stoung se nach an der Lëscht vun de disponibelen Apparater.
Woubäi: bei nikon.com stin awer nach d'F6 an FM10 an der Lëscht vun de Film Cameras. Ech huelen un, datt se hire Stock nach wëlle lassgin.
Awer nët vun egal wou op der Velospist, du hues der däi Standpunkt ganz minutiéis ausgewielt. D'Schlass lénks, d'Kiirch riets an eng liicht Diagonal geseemt mat staarke Beem rënnt dat Ganzt of. Flott Format hei.