Wow! Félicitatiounen, eng super Arbécht, mat denger Pentax kann een jo och nach, ausser Neel aschloen, Fotoen machen an daat an enger top qualitéit. Eng flott Doku-Serie, elo KENT een Ettelbreck nit mi erem wann een erafiert
Superbe Nico, thumbs up an den HP5 schéins de gudd ze berherrschen. Ech sin an der Zäit nie esou richteg glëcklech mat dem Film gin an hun dofir d'Fanger devu geloss, mais daat do motivéiert mech ët nach eng Kéier ze versichen, leider ouni Pentax 6x7...
Ech hu bei der Beliichtung dem Miesser aus der Pentax gefollecht an hun alt mol no Bauchgefill eng Drëttelblend ënnerbeliicht. A fir ze entwéckelen hun ech méch u méng App « MassiveDev » gehaalen, déi dir fir gefillt all bestoend Filmer an all bestoen Entwéckler genee ugëtt, wéi laang een dat ganzt Geëntwéckls händele soll, mat Timer a Piipser a Schell... An dann hun ech gëschter nach d Hallschent vum Stopper verschott, well den Deckel um Deppen net fest genuch drop war... Dat ass d Geheimnis
Ech kennen déi Massive Dev Chart, war mer allerdëngs nët bewosst dass ët och eng App dovu gët. Ech hu virun e puer Joer mat Caffenol als Entwëckler experimentéiert, funktionéiert eigentlech ganz gudd, besonnesch elo wou ech endlech Kaliumbromid als Restrainer fonnt hun.
Ech haat virun laange Joeren déi eng oder aaner Kéier nët esou berauschend Resultater mam HP5, an en vun do un nët méi bekuckt, waat, wéi ech elo gesin, eng Erreur grave war...
Zanter datt Harman Ilford iwwerholl huet, hu se jo vläicht heemléch eppes un der Formule geännert...? Do gëtt ee bestëmmt eppes am Internet gewuer, wann ee laang genuch sicht...