Vu Ma op Me muss ee scho bal mat Fëschstiwwelen durch d'Syr goen, esou vill schéin a fotogen Plaze gëtt et do... Schued, datt ech op der belscher Säit vum Land wunnen, an d'Musel- a Syrgéigend mindestens 1 Stonn mam Auto fuere bedeit. Mais, wéi de Marc ganz richteg seet, ass di heien LBZ eng ganz gudd Art a Weis, dee Floss ze portraitéieren.
Ech verstin dech. Ech beschwéieren mech och oft mol méi wäit ze fueren.
Mee wann Deeg lo mol rem méi laang gin dann fällt et net méi schwéier.
Villmols Merci fir däin Kommentar.
Ech muss souwisou ménger Fra nach d'Traumschleife zu Manternach weisen, wou ech läschte Summer alleng kenne geléiert hu, well si huet misse schaffen. Lo an e puer Woche, wann di éischt Bléien a Blieder kommen, dann ass Zäit dofir...