Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moondown and Sunrise

 
Moondown and Sunrise
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.02.2021
  • Gekuckt:
    27283
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.3333333333333 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    148 KB
  • Originaldatum:
    2021:02:04 07:35:21
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91124]
Kommentar vum Fotograf:
Vum Scheedel rof an de Warkdall fotograféiert moies géint halwer aacht.
marker 05.02.2021 - 12:03
E Bild mat enger schéiner mystescher Atmosphär. Trotz den donkelen Tounwärter huet d'Bild vill Nuancen ze bidden, an en plus een intressanten Degradé mat enger schéiner Déift.
Cool fannen ech den Dall mam Niwwel an déi eenzel beliichten "Spotten", besonnesch d'Wandrad, ..fir mech d'Kiischt um Kuch.
Nicon07 05.02.2021 - 13:19
Ech hu jo och, ganz am Sënn vun déngem Link op dem AA säi Moonrise bei ménger Foto vum "feiereche" Sonnenënnergang bei eis zu Rammerech, di Foto hei mam SilverEffex ge-"tonemapped". Ech denke schon, datt ech dem AA séng 10 Zonen (ten shades of Grey) all irgendwou an der Foto hei ënnerbruecht hun. Iwwregens ass et impressionnant an deem klenge Video, wéi aus engem flaachen Negtativ déi berühmte Foto do entstannen ass. Hei bei mir war et just ëmgedréit, hei war alles zimmléch schwarz am Original, well ech stark ënnerbeliicht hu missen. Di Cellule vun der Z7 mécht jo gären d'Nuecht zum Daag, wann een net oppasst. An du hun ech fir d'éischt mam Lightroom mol di farwech Foto equilibréiert an dunn réischt am SiverEffex d'Atmosphär rageregelt.
Paul-H 06.02.2021 - 15:20
Am Fong maachen ech et och baal emmer sou. Fir deischt am LR just grongregelnd Saachen änneren an dann riwer an den Silver Effex. Duerno nach vleit e puer Nobesserungen am LR. Allerdengs gett et och Fotoen déi ech just an den LR importéieren an dann direkt riwer an den Silver Effex huelen. Duerno dann all aaner Korrektiounen am LR. Wéi gesoot, et hänkt vun der Foto of.
Nicon07 06.02.2021 - 17:14
Ech maachen et och sou, awer mat dem Surplus, datt ech de finissage am Photoshop maachen. Mais dat ass Luxus, et géing och ouni dee goen. smile
theom 06.02.2021 - 13:46
Ganz grousse Kino !
Exellent Arbecht an der " Dunkelkammer " geleescht
Nicon07 06.02.2021 - 17:12
Dunkelkammer Lightroom, genee dat! bigsmile

BeP 06.02.2021 - 14:00
Schéin düster!
Nicon07 06.02.2021 - 17:12
Hell war et och wirkléch nach net do, mais dee Sensor vun der Z7 huet dat awer net sou gesin, ouni datt ech him bäibruecht hun, hie soll d'Welt mol méi "schwarz" gesin... smile
wuff 06.02.2021 - 16:54
Schéin düster déi do.
Nicon07 06.02.2021 - 17:10
Gell! smile


Merci fir de Kommantar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 273 Gäscht online