Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

No Virschlag..

 
No Virschlag..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.02.2021
  • Gekuckt:
    22751
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f 8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 1 EV
  • Gréisst:
    1400x932
  • Späicherplaz:
    984 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91121]
Kommentar vum Fotograf:
..vum gemu, Nicon07 a Paul-H weisen ech da wéi versprach dës zweet Versioun vun der Kapell vu Gletsch am Wallis.

d'Kapell..

BeP 03.02.2021 - 15:54
Ganz flott! Dat engt as eng Foto vun enger Kapell, dat aanert eng vun enger Landschaft mat enger Kapell, watt mer iwrigens besser gefällt. Mé dat as eng Affäre de goût.
marker 05.02.2021 - 19:11
Schéi beschriwwen BeP, esou bertuecht hues de vollkomme Recht. Dat d'Biller dech usprieche, eent méi wéi dat anert freet mech, an dofir Merci gesot.
rosch-m 04.02.2021 - 08:54
Eng herrlech Bildkompositioun. Gefällt mer ganz gut.
marker 05.02.2021 - 19:13
Merci rosch-m, dat freet mech op dëser Plaz hei ze liesen.
wuff 04.02.2021 - 10:25
Mir gefällt déi hei och besser well se méi vun der Natur weist
marker 05.02.2021 - 19:17
Ma voilà, jidderengem säi Goût a seng Meenung. Merci wuff fir däin Avis.
Nicon07 04.02.2021 - 17:28
Ah! Do ass se jo endléch! closed_eye

Eng aaner Foto, an dofir net ze vergläiche mat där aus dem Hierscht. An awer! och di heiten ass eng super Foto. An ech widderhuele méch... ech wéilt elo di iwwernäxt Woch dierfen dohinner, mais et ass nach net eriwwer, a wéi et schingt, dauert et nach e bëssi... Egal! D'Welt geet nach net ënner, och dës Kéier net mat Corona. A wann et dann net aanescht geet, da siche mir alt an eisen Archiver no schéinen Fotoe fir hei ze weisen... bigsmile
marker 05.02.2021 - 19:35
Jo, do ass se, et huet zwar ëρρes gedauert, mäi versprach ass versprach closed_eye
D'Welt geet sécherlech nach net ënner, a mat e bësse Gedold kréie mir och déi aktuell sch.... Situatioun irgendwéi iwwerbréckt an et kommen nees besser Zäiten.
Merci Nico fir däi Kommentar, ..an dës zwou Opnahmen si vum spéiden Hierscht 2019, an esou betruecht och schonn aus dem Archiv.
gemu 04.02.2021 - 19:24
Ech schléisse mech dem Nicon07 un, di zwou si bal net ze verglächen, de BeP huet et och ganz treffend formuléiert. Jiddenfalls gefällt se mer och excellent, wann e choix awer misst machen wahrscheinlech di 1. wëll bei der 2. geet de Bléck lënks uwen am Eck eraus an op der 1. blweit en am Dall méi lang hänken, wéi gesot ass a.d.g
marker 05.02.2021 - 19:47
Dat de Bléck bei dëser Foto éischter aus dem Eck eraus guidéiert gëtt war mir emol net esou bewosst, dat hues du gutt erkannt. Dofir Merci gesot Georges fir deng Bildanalys, an dat dëst Bild dech ebenfalls usprécht freet mech natierlech.
Paul-H 05.02.2021 - 13:18
Daat nennt een dach mol "interaktiv" wann d'Virschléi vun Kollegen ugeholl an emgesaat gin.
Ech schléissen mech voll a ganz dem BeP un.
marker 05.02.2021 - 19:51
E gudde Virschlag huet nach ëmmer eng gewësse Valeur wou ech och gären akzeptéieren.
Merci Paul fir däin Avis a Kommentar.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online