An d'Themewoch geet virun, wann och net mam Matterhorn, dann zumindest mam Wallis. Schued dat de Fildelbach ze soen kee Waasser féiert, dat hätt zu engem flotte Kontrast do an där stengeger a gringer Schlucht gefouert an ebenfalls par Rapport zum Waasserfall.
Ech fannen et grad gudd, datt de Findelbach kee Waasser féiert, well sou de Kontrast vum Waaserfall a vun der "Stengbaach" der Foto eng aaner Dimensioun gëtt. A méngem Kommentar zur Foto hun ech dat jo probéiert, ze erklären. Well wann och lues, mais di Steng "fléissen" och. Dofir schingt mir - verzei mir - déng Remarque net grad schlësseg.
Mais ech verstin awer, wat s du soe wëlls.
Iwwregens: Ass dir och opgefall, datt di läscht Deeg, wou eis Fotoen hei, déi vun déngem Gletscher a méng hei vum Findelbach, op der Startsäit vu PG niewentenee stoungen, di zwou Fotoen quasi eng an di aaner iwwergaange sin? Sou wi wan de Waasserfall op ménger aus dem Gletscher uewe lénks an dénger géif rauslaafen...
"Ob Steng oder Waasser, alles fléisst,...", ..effektiv, ..ech hun däi Kommentar wuel gelies, awer net gecheckt datt's du domadder engersäits déi "Stengbaach" gemengt hues, esou gesin mécht dat natierlech Sënn an ergëtt eng ganz aner Bildopfassung.
Merci fir d'Erklärung.