Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Vum Wand..

Vum Wand..
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.11.2020
  • Gekuckt:
    41231
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f 10
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x961
  • Späicherplaz:
    1966 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90899]
Kommentar vum Fotograf:
..geformt. Presqu'île de Quiberon.
rosch-m 04.11.2020 - 08:05
Aussergeweinlech flott Opnahm an en richtegt Konschtwierk vun der Natur.
marker 06.11.2020 - 10:14
Dat freet mech ze liesen, Merci Rosch-m
wuff 04.11.2020 - 10:34
gefällt mir gudd
marker 06.11.2020 - 10:14
Merci wuff
Jean-Jos 04.11.2020 - 19:28
Schéin déi Formen, flott déi gutt erausgeschaffte Faawen vun de Muschelen a Steng a richteg gutt an d'Bild bruecht mat der Diagonal.
marker 06.11.2020 - 10:19
Jop, eng Diagonal kann heiansdo och eng banal Opnahm intressant machen. Merci Dir fir däi Kommentar Jean-Jos, et freet mech
BeP 04.11.2020 - 23:00
Eigentlech eng einfach Foto wou immens vill ze kucken as. Super!
marker 06.11.2020 - 10:21
Hei huet d'Natur Hand ugeluecht an alles arrangéiert, ech hu just missen ausléisen closed_eye Merci BeP
theom 05.11.2020 - 09:25
D'Natur ass e grouse Kënschter d'muss e just e Bléck der vir hun.
An du Marc,du hues den Don.
marker 06.11.2020 - 10:24
Du hues vollkomme Recht wat d'natur betrëfft, ..just mam Don bléiwe awer emol bescheiden
Merci Rob, mech freet et dat d'Bild gefällt
Nicon07 05.11.2020 - 20:25
Wann een d'Aaen liicht zoupëtzt, da kéint ee mengen, dat do wier eng Course vu Schleecken...

Di Foto do erzielt Geschichten!
marker 06.11.2020 - 10:39
Spéitstens no der nächster Flut ass dës Zenerie effektiv Geschicht, a léisst sech nach just duech d'Opnahm weidererzielen
Mat der 'Course vun de Schleecken' hun ech misse schmunzelen, mäi Recht hues de
Merci Nico fir däi Kommentar
Paul-H 09.11.2020 - 00:10
Gratuléieren zur WF!
marker 09.11.2020 - 12:54
Merci fir d'Gléckwënsch Paul.
Nicon07 09.11.2020 - 08:36
Eppes Anescht hätt méch och gewonnert! Gratulatioun zur WF!
marker 09.11.2020 - 12:59
Majo, ech hu mir jo selwer Konkurrenz gemaach closed_eye
Och dir Merci gesot Nico fir d'Gléchwënsch.
Nicon07 09.11.2020 - 20:32
An deenen dräi Fäll goung et ëmm Steng,
eemol mi grouss an eemol mi kleng!
An fir gouf et du Sand, an deen ass jo reng.

marker 10.11.2020 - 12:06
All Kär vum Wand präzis guidéiert,
huet zu dësem Naturschauspill higeféiert.
Déi aner zwou, mat denen héigen Tierm,
där hat ech éischter eng hei um Schierm.
Ech wëll mech awer net bekloen,
All Stëmm gouw schliesslech matgedroen.

Hoffentlech war et kee Walbedruch! bigsmile
Nicon07 10.11.2020 - 19:09
Oha, nach een Dichter! Super! merci fir di gereimten Äntwert.

Walbedruch war et ganz sécher keen, ech weess jo nach wat fir enger vun deenen dräi Fotoe vun dir ech mäi Vote gin hun. Do fällt mir awer elo ee Stee vum Häerz, datt ech dir heimadder kee Sand an d'Aa gestreet hun... bigsmile

Vläicht war et jo grad déi Stëmm vu mir, déi dëser Foto de Gewonn verschaaft huet... !
marker 12.11.2020 - 16:59
Dann nach nodréiglech MERCI fir deng Stëmm, jiddefalls huet et mech gefreet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 323 Gäscht online