Ektar 100, e Film mat gudder Schärft a ganz rengem Grain, dee sech laut Kodak exzellent digitaliséiere léisst. Eng schéi kloer an detailléiert Opnahm vu Wormer, mat intressanter Perspektiv sou teschent de Riefstäck erduerch, an als klenge Bonus d'Musel mat S-Kéier
Merci Marc, wann 100 iso duer gin ass den Ektar den 1. choix, awer nëmmen am 120er, am 35er sin ech net esou zefridden mam rendu, am 35er bleiwen ech am beschten am sw, bis elo huet nach keen Faarwfilm mech do esou richteg iwerzegt mat 400 iso zevill grain, ausser de Portra 800 do erwart een sech jo och méi grain an ass och bei der Empfindlechkett "justifizéiert"