Ob di Gasmask do zwar aus CO2 O2 mécht, sief mol dohigestallt...
O mie, wat geet mir déi Hysterie do op de Kichelchen... Ech zweifelen net dodrunner, datt et allgemeng méi warm gëtt, awer sou, wéi am Moment do kommunizéiert gët, an awer keng Konsequenze gezu gin (och well dat mat Verbuedter verbonne wier), da irritéiert méch schon...
Ech denken net dat et hei ëm Hysterie geet, dëst sin Acteuren wou hirer Passioun noginn, just dem Klimawandel wärten awer och sie näischt entgéint ze setzen hun
Et ass elo net onbedingt meng Welt, mäi e flotten Event, ganz léif Leit, a fotografesch gesinn eng intressant Experienz wou mir gefall huet.
Méng Remarque vun der Hysterie gëlt jo och nët dem Jong op dénger Foto oder dénger Foto am Speziellen, an och net dir. Et ass einfach ee Constat, deen ech maachen, datt weltwäit ëmmer méi Leit schingen hiren "Entendement", wéi dat bei de klassesche Philosophes am XVIIe an XVIIIe a Frankräich genannt gouf, ze verl?ieren. Näischt gët méi hannerfrot. Et kann ee jo zu selwéchter Conclusio komme wéi de Mainstream, mais op mannst huet een séch jo awer da mol mat der Géigepartei hiren Iddien auserneegesat.
Ech weess och, wat Steampunk ass. Do ass dach och am Fond de Gras sou ee Festival. Sou "Mad Max"-ähnléch Figuren, déi e bësse "retromodern" sin, dat ass schon interessant. A fir Fotoen ass dat ëmmer gudd...
Uups, dann hun ech do eppes net grad esou verstane wéi et gemengt war a falsch interpretéiert. Mäi wéi's de selwer sees, et sinn intressant Eventer. Thx fir d'Explikatioun.
Voilà, an elo Konzentratioun, an de Focus op weider flott Biller gericht