Grafesch gesinn, ganz flott esou mam Eck vum Gebai, wou als Dräieck an den Himmel weist. Och déi däischter stengen Dall "Granit" am Virgrond, wou als Diagonal mat an d'Bild agebaut gouw gëtt dem Ganzen eng Plus-value.
Gutt gemach Nico.
Merci, Marc. Do hun ech nach eng sëllechen aaner Fotoen aus aaner perspektive vun deem Gebai gemaach, mais déi sin all éischter Dokumentatiounen fir an een Architekturbuch...
Gut recherchéiert an grafesch flott emgesaat. Just den décke Klotz virum Gebei gefällt mer net graat esou gut. D'Foto heescht jo Bauhaus. Ech gin dovun aus dass en méi günstegen Wenkel op d'Haus schwéier méiglech war.
Ech hu sou Fotoe, vun där aanerer Säit, awer wéi scho gesot, déi Fotoe fannen ech zevill dokumentaresch. Wann s du dat awer léiwer hues, da lueden ech och sou eng hei rop, respektiv kuck dir dëse Link un.