Kommentar vum Fotograf:
... an eisem Gaard haut de Moien.
Zanter e puer Woche schon läit regelméisseg eise Komposteemer ëm, an d'Geméisschuelen asw... leie verspreet um Buedem roderem. Mir konnten eis net erkläre, wien dann do sou stark ass, fir dat ëmzestoussen. Mir hate schon d'Kréien am Verdacht, déi an de Stroossebeem niewndrun Näschter bauen a bréien. Mais elo hu mir de Beweis kritt: De Reenert perséinlécht ass deen Incriminéierten.Wisou dee grad séch Geméis a virun allem éischter batter Saache siche kënnt (Spargelsschuelen, Artischocken, a Melouneschuelen? Soll hie mat der Liewer geplot sin? Oder ass et einfach just, well d'Saachen am Eemer no Wullmaus, Gaardeschléifer aut. sim. riche, well där aus eisem Gaard séch och regelméisseg an den Eeemer verkrauche, fir an der "Taverne du Compost" séch ze regaléieren?
D'Foto ass durch eng net ganz propper Kichefënster gemaach an natirléch queesch, sou datt et quasi onméigléch ass, fir eng uerdentléch Schärft ze kréien. Et geet mir hei méi ëm dat Anekdotescht, wéi ëm eng qualitativ héichwärteg Fotoarbécht... ;-)