Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La passerelle

 
La passerelle
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2019
  • Gekuckt:
    39189
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x932
  • Späicherplaz:
    1196 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2018
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89851]
Kommentar vum Fotograf:
Glacier du Rhône, Valais.
Nicon07 05.04.2019 - 17:54
Eng Foto vum Planéit Plastikus aus der Galaxie Desolatio. Et kann ee bal nët gleewen, datt dat doten op eiser "schéiner Aerd" ass. Mais ob de Gletscher dowéinst manner séier schméilzt...?

A wéi sou dacks bei sou Biller, dee Paradox: di absurd"Goodwill"-Aktiounen oder d'Zerstéierung beim Ofbau vu Réistoffer liwweren di ästheteschst Motiver. Oder ass et just sou, datt mir di natirléch Schéinheeten nët méi erkennen oder wertschätze, well se einfach ze banal an ze gewinnt sin, a mir dofir sou "Extravaganze" wéi di heite, "schéi" fannen? A méditer!
marker 07.04.2019 - 12:27
Merci fir deng intressant Interpretatioun Nico.
Déi Planen gin all Joer dem Gletscher no ugepasst an nei geluecht, an ech wees net wéi et dee Moment ausgesäit. Jiddefalls esou spéit am Hierscht no de Summerméint war den Zoustand nach just desolat. Fir di allermeeschte Leit secherlech kee schéinen Ubléck. Vläicht och net fir jiddereen novolzéibar, fotografesch gesi, an als Momentopnahm hei am Reen, bedektem Himmel an en Deel Natur am Hannergrond huet di ganz Konstellatioun deen Abléck richteg gutt gepasst.
Jean-Jos 05.04.2019 - 18:06
War do de Christo um Wierk?

Immens uspriechend a frostellend Foto.
marker 07.04.2019 - 12:31
Merci Jean-Jos.

Ah jo, apropos Christo, bei dem Ubléck war dat och mäin éischte Gedanken.
Christo & Jeanne-Claude

gemu 07.04.2019 - 10:39
E ganze Bierg Wäsch, daat erënnert mech un eng memorabel Zeen vum Laurel & Hardy bei der Friemelegioun.

kuck hei bei (curseur op 27:10)

https://www.youtube.com/watch?v=qDilDEkp_TU
Jean-Jos 07.04.2019 - 11:13
Haha, cool, den hun ech nët kannt. Passt!
marker 07.04.2019 - 12:36
..''E ganze Bierg Wäsch'', ..a virum Wanter e ganze Bierg Offall unhappy
Merci Georges an och fir dee coole Link.
suraki 21.05.2019 - 10:03
Ech war elo schonns eng gutt Zäit net méi hei, mä eleng fir dëst Bild hei war et derwäert sech emol erëm anzeloggen.
Nicon07 21.05.2019 - 11:24
Ma da komm einfach mol neess méi reglméisseg heihinner kucken, Edy, a weis eis och mol neess e puer Fotoen. Irgendwéi muss de Photogen dach nach um Liewe gehal gin. closed_eye

MbG Nico
marker 21.05.2019 - 13:23
Dat freet mech, an d'Interpretatioun vun dengem Kommentar ass fir mech eng Éier.
Merci beaucoup Edy, a mam Nico senger Ureegung sin ech ebenfalls méi ewéi d'accord..!!
suraki 12.06.2019 - 18:42
Marker a Nikon, thx der Zwee ...

M?in l?scht Bild war e Selbstportrait, ech sot awer dat den "Treverer" op den Ausl?iser gedr?ckt huet. W?ll dat anscheinend g?int d'Reegelen hei verstouss huet, gouf ech vum Admin gebueden et er?m ze l?schen, wat ech och gemaach hunn.
Elo sinn ech op engem Site wou ech weisen d?erf wat ech w?ll bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 316 Gäscht online