Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Swiss Retro

 
All Fotoen an dëser Serie:
46529 Thumbnail
46530 Thumbnail
46531 Thumbnail
46532 Thumbnail
46533 Thumbnail
Swiss Retro
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.01.2019
  • Gekuckt:
    72270
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
    2018
  • Fotoapparat:
    Leica M-A
  • Objektiv:
    Leica Summicron 35mm f/2.0 (pic 1,3,4,5) Leica Elmar 24 mm f/3.8 (pic 2)
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89710]
Kommentar vum Fotograf:
Nostalgie am Berner Oberland

Ilford Delta 100 35mm Klengbild Negativscan (1-3)
Kodak Tri-x 400 35mm Klengbild Negativscan (4-5)

1) AEBI AM 53 (Bj. 1953-1966) @ Wengernalp
2) Alpilgen
3) Kleine Scheidegg
4) Wengernalpbahn BDhe 4/4 104 (Bj. 1947 - 1962) @ Lauterbrunnen
5) DS LÖTSCHBERG (Bj 1914) Brienzerséi
Nicon07 23.01.2019 - 15:13
Ech wëll neess dohinner! Direkt! O, wat sin ech verléift an di schwäizer Alpen... An dann déng analog Fotoen hei, ee Gedicht. Ech mengen, ech muss awer mol neess eng Kéier ee Film a méng Gevabox oder méng Lubitel-Lomo aleeën. Irgendwou wärt et jo nach ee gin, dee mir dat entwéckelt.

Zu de Fotoen: déi sin sou eppes vun haptesch, do spiert ee mat den Aaen iwwert den Ecran d'Muussegkeet an d'Zartheet vum Pabeier. Ech si mätsch, mais wann ee bedenkt, datt dat Digitalt d'Wirkung vun engem analoge Film mat perfekter Optik opgeholl nach ëmmer net wirklch eremgi kann.
gemu 23.01.2019 - 18:27
Merci Nico fir dee grousse Luef.

Hei fënns du bal alles wat däin Analogikerhäerz begiert, respektiv e puer passionneiert Leit déi deng Filmer mat Léift entwéckelen an dech beroden:

https://www.meinfilmlab.de

https://www.meinfilmlab.de/der-filmratgeber-2015/

Ech hun der awer och schon bei esiem Sponsor Lecuit entwécklen geloos, wanns de se net wëlls aschécken
Nicon07 23.01.2019 - 18:41
Villmols Merci, Georges. Ech hu mir dee Link mol gebuchmarkéiert. smile
Lo muss ech just nach dee Film a ménger LOMO färdeg knipsen. closed_eye
marker 24.01.2019 - 11:36
Säit ville Joren sin ech elo do ënnerwee, alles bekannte Platzen, mäi deng Betruechtunsweis a Bléckwenkel fir Detailer sin eenzeg. E Beweis fir ee geschoulten Ae.
Ech ka just staunen a genéissen.
Nicon07 24.01.2019 - 13:17
Hei ans do sin sou "banal" Vuë méi ausdrocksstark, wéi d'Sich nom grandiose Motiv. Ech mierken och bei mir ëmmer nees, datt een an de Bierger mengt, op der Foto missen deen Androck, deen een op der Plaz huet, ze veréiwege, wat selbstverstänléch jo onméigléch ass. Suguer wann een een Dia op eng einfach doheem-Leinwand vun 1 m2 projizéiert, fënnt een d'Biergwelt nët erëm. Also dann éischter sou kleng stëmmungsvoll Detailer aus dem Alldag, déi typesch si fir do. Sou wéi de Georges dat mécht.
gemu 25.01.2019 - 10:28
D'Emotioun vum Fotograf spillt eben eng grouss Roll beim choix vum Motif. Déi kann nun awer net weis du gesot hues um Bild festhalen a kënnt dann och net bei engem Friembetruechter eriwer. Beim Fotograf gett se souwisou no e puer Deeg, Wochen oder Méint ofgeschwächt a verschwënnt iergendwann vläit ganz, an freet een sech bal no e puer Méint firwaat een eigentlech DAAT fotograféiert huet. Durfir sin vill Profifotgrafen dei hir SD-Card ereischt no enge gewesser "Karenzzait" verschaffen. Bei den Analogbiller ass daat jo souwisou de Fall oft vergin Wochen bis een d'Filmer mol agescheckt, resepektiv zreck huet.
gemu 25.01.2019 - 10:17
Merci Marc fir di schéi Wieder an apprécatioun. Ech gin och säit ganz ville ville Joren dohinner, a wann een iergendwann net méi iwerall hin kraxele kann fir daat Aussergewéinlecht ze erliewen an am Bild festzehalen da geet de Bléckwenkel op esou Detailer. Freet mech wann och daat gefällt.
marker 28.01.2019 - 10:25
Qualitéit setzt sech nach ëmmer duerch, souguer hei op PG
Gratulatioun Georges.
gemu 28.01.2019 - 12:36
Merci Marc

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 336 Gäscht online