Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Greiweldeng

 
Greiweldeng
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2019
  • Gekuckt:
    36374
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x900
  • Späicherplaz:
    497 KB
  • Originaldatum:
    2019:01:19 16:35:19
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89707]
Kommentar vum Fotograf:
Kurz virun Sonnenënnergang.
Nicon07 23.01.2019 - 20:08
Schéi Luucht, awer fir mäi Goût ass déi ausgbrannte Sonn lénks ze dominant. Ech weess nit, ob een do vläicht besser gehat hätt, e bësse lémks wech ze loossen an deen Daach do ze cropen, sou datt d'Foto beim Bam ugefaang hätt. Mais bon, dat ass wéi gesot, affaire de goût.
Paul-H 24.01.2019 - 11:21
Richteg ausgebrannt ass d'Sonn zwar net, mee ech haat mir och iwerluecht lenks ze croppen. Hun dunn awer gemengt ech géif d'Stemmung zevill killen.
marker 24.01.2019 - 11:33
D'Stëmmung hei am Bild gefällt mir ganz gutt, déi ausgebrannte Platz am Himmel wou de Nico schon ugeschwat huet ass relativ grouss, normalerweis ass domadder ee Bild ruinéiert, vu dat ee wees dat et sech em d'Sonn handelt fannen ech dat net dramatesch a stéiert mech och elo net.
Paul-H 24.01.2019 - 12:12
Merci fir däin Kommentar marker.
keijei 24.01.2019 - 21:43
Eng schéin Foto, d'Faarwen an den Motiv gefalen mir ganz gut! D'Sonn hätt een kéinten menger Meenung no nach bëssen méi verstehen, evtl. mat enger Filterkorrektur, an d'Wiss am Fiergrond as bëssi vill ofgeschnidden. Do hätt ech perséinlech dann manner Himmel opgeholl. smile
Paul-H 25.01.2019 - 11:37
Fir ennen méi Wis ze weisen war net dran well do ass e Feldwee deen ech irgendwéi net ordentlech an d'Bild agebonnen kritt hätt.
D'Iddi fir d'Sonn mat engem Filter nach méi ze zersteehen ass awer nawell gudd. Denken dass een vun den NIK Filteren daat misst färdeg brengen. Probéieren mol.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 281 Gäscht online