Vu dass hei an der lescht diskutéiert ginn ass dass vill manner Aktivitéit ass, lueden ech meng neist Foto dann awer och mol hei erop :)
Am Mariendall op engem Moie wou alles gefruer war.
D'Stëmmung mam Bromee, an en Deel vum Bësch am Niwwel agekesselt gefällt mir gutt. Deen eenzele kromm gewuessen Bam, nach bal komplett am roude Laf passt hei an déi fraschteg Zeenerie wéi d'Fauscht op d'Ae.
Ha, nee, dee Saz ass effektiv schlecht formuléiert! "lescht" war gemengt mat déi lescht déi ech bis elo gemaach a ropgelueden hunn op anere Plazen. Ech schreiwen dat léiwer anescht
Oppassen - colorkey dorënner verstinn déi meescht Leit direkt dass een am PS eppes eenzeges faarweg gelooss huet, wat awer hei net de Fall ass, dat war d'Natur, net de PS
Merci!
Richteg, daat wor mir bewosst, et fënnt een en normalerweis jo och nëmmen bei s/w Biller, ech hätt missen schreiwen "natierlechen" colorkey an hueln daat elo no.
Ech hat däi Comment scho sou verstan, wollt just net dass een aneren et géif falsch interpretéieren
E Colorkey am PS géif ech perséinlech nämlech nie maachen
Schéi Foto vun enger Plaz, wou ech a ménger Jugend nawell dacks de "Bauch nët wéi hat" ... obscschon ech vill Kilometere mam Bike a mam Coursevelo an zu Fouss do ënnerwee war. Lo hun ech de Bauch wéi, wann ech wéinst dénger Foto dorunner zréckdenken... Mais ech wunne jo och elo net méi no bei Miersch.
Den natural Colorkey ass wirklech eppes, wat ee just am Wanter ka fotograféieren. Ech hat hat beim Trëpelen an der Kolpéch an rop op Houltz och sou Szene begéint, hun awer keng Fotoe gemaach, well ech mat der Famill spadséiere war, an dann ass dat stresseg fir méch an di aaner, wann ech all 10 Meter stoe bleiwe fir ze knipsen...
Allez, Johny, hëllef eis däi Kand un Liewen zwe haalen a weis nach méi dénger schéiner Fotoen!