beim Kippen sinn ech extrem empfindlech, bei der Buerg fällt mir naischt op, daat bessen beim Turm riest ass durch den Standpunkt a Perspektiv geif ech soen. Ganz ok fir mech
Ech krut dat de Mëtten och scho gesot - ech hat allerdings probéiert se liicht ze dréinen mee dann gesäit rëm eppes anescht iergendwéi falsch aus, och wann ech net genee erkläre kann wat, mee dofir hunn ech se dann awer sou si gelooss.
Flott Lucht. Gutt dat nach esou vill Detailer am Emfeld vun der Buerg ze gesi sin, esou steet se net esou isoléiert am Bild, wéi een et ganz oft vu bei Nuetsopnahmen mat beliichte Gebaier gesäit mat vill schwaarzem ''Näischt'' roderem.
Gutt esou..!!
D'Foto ass gemaach zum Schluss vun der bloer Stonn, well ech zwar dat rondrëm dat wollt drop hunn mee awer och op kee Fall dass alles rondrëm ze vill däischter ass, well do denken ech genee wéis du.
Merci
eng genial Opnahm, Burg kennt immens eraus, e flotten Grain dran, flott Lucht wei schons gesot.gudde Bildopbau !
Schued dass dat Zelt do steht, mee dat kritt e jo eweg wann et sinn muss .
Ech wär nawell gespannt op e keint dei schein roud-brong Hierschtfuarwen am Hannergronn ganz dezent unhiewen, als Konterpartie zu den vielen Grengtein?
Jo dat Zelt ... hannert der Paart steet esou guer nach eng rout Camionette Ech hat probéiert et eraus ze huelen, mee d'Resultat war, op alle Fall fir meng Qualitéitsuspréch, net gutt genuch. Do huelen ech mer vläicht iergendwann nach eng Kéier vill Zäit fir dat méi am Detail ze maachen.
D'Hierschtfaarwe vum Bësch hannert dem Schlass kéint ech effektiv och probéieren eenzel nach méi erfir ze hiewen.