déi 2 gefällt mer besser, ass daat eng 600mm Festbrennweit?
ech sinn mer net eenz, well den Dommel dee flott gerooden ass , am Gras ënner geet a mei frei keint sinn, anner Saits ass en immens getarnt an dem Graas.
Hun bis elo mam 100-400mm Fuji plus 1,4x d'Erfahrung gemeet dass den Sujet méi frei gestallt woar, dofir déi Fro vun der Festbrennweit, da misst daat jo och do de Fall sinn?
Hallo, merci fir dain Commentaire.
Jo, et ass eng Festbrennweit 600mm f4.
De Kleng Dommel hiren Liewensraum ass am Schilf. Sie ass perfekt getarnt, souguer esou gut,dat mir Schwieregketen haten (obwuel mer genau woussten, ewou sie geif setzen) Dommel durch d%u2018 Objectif zu fannen. Souguer op den Fotoen verschmelzt Dommel durch hir Tarnung mam Schilf.Net oft weisst sie sech esou frei, oft bleiwt se hannert oder am Schilf. Mat grousser Chance left se vielaischt een Baamstamm erop , an dann ass se mei frei gestallt... De Schilf ass direkt hannert der Dommel, iwwerall, omnipräsent, egal ewei een sech bewegt an gedreit huet. Et ass jo kloer,dass een an dem Fall Dommel net esou frei gestallt kritt, ewei een Villchen op engem Steen oder Baamstam,ewou hannerdrun weit an bret naischt ass.
Déi éischt ass genial an hirer Schutzhaltung vun der Zwergdommel, déi 2. gefällt mer als Foto och super!
Genial, wann enn dat dote kann an d'Gedold dofir huet!
Lait warscheilech an der Natuer vun der Saach, ech fannen dat de Vull ze vill am Hannergronn enner geet. Hien ass ze gutt getarnt . D%u2018Haltung vum Vull ass 2x super an top scharf.