Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rubens Hotel

 
Rubens Hotel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.02.2018
  • Gekuckt:
    35628
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    766 KB
  • Originaldatum:
    2018
  • Fotoapparat:
    Hasselbal 500 C
  • Programm:
  • Objektiv:
    Carl Zeiss Planar T* 80mm f/2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89069]
Kommentar vum Fotograf:
Brasserie Rubens ( 1926) am Schnéi - Knokke

Kodak Tri-X 400 Mëttelformat 6x6 Negativscan
t-ren 20.02.2018 - 16:46
Och wann ech mam Sujet selwer naischt ufänken kann,

Muss ech awer hei soen dass den Bildopbau perfekt ass! Sämtlech markant Linnen feieren op den goldenen Schnëtt zereck, Quadrat a Rechteck kommen emmer erem, einfach gudd!
gemu 20.02.2018 - 22:13
Merci fir deng analyse an appréciatioun, freet mech wa se gefällt.
arwa 21.02.2018 - 16:11
ech fannen, den @t-ren huet et op de Punkt bruecht,
gefällt mir och ganz gudd sou !
gemu 21.02.2018 - 21:57
Merci Armand freet mech
t-ren 21.02.2018 - 19:08
wéi kann ech eng Foto an e Kommentar beifügen ?
ech hun mer erlabt eng Analyse vun den Formen zu dësem Bild ze machen, a well déi héi weisen ?
gemu 21.02.2018 - 22:08
Ech sin elo net esou Spezialist. Eng Foto mat Kommentar beifügen geet menges Wëssens nëmmen duerch beifügen beim Kommentar vun engem link op eng vun dengen eegenen Fotoen hei op PG (copy/paste rubrique "Fir anzesëtzem [pg_img=...nr.. "] )respektiv duerch beifügen vun engem link op een externen site, respektiv op eng cloud wou's de deng Foto gespächert hues.
Bob76 22.02.2018 - 18:07
Féieren do d'Linnen vun der Strooss net zevill an d'Eidelt?
pixelman 22.02.2018 - 18:32
Ech denken daat och, e besse vill Freiraum lenks féiert zu engem Desiquiliber ! Natirlech meng Interpretatioun !
gemu 23.02.2018 - 09:07
Daat wor mir och opgefall, mee et huet mech elo awer net esou immens gestéiert, wëll ech geduecht hun de vide géing duerch den Luuchtepoto opgefangen gin.

Merci Bob a René fir äer pertinent remarque.
t-ren 22.02.2018 - 20:41
Do kann ech Ierch Recht ginn, dass déi Linn vun der Bordure do no baussen feiert, trotzdem ass den Emplacement vun den Linnen a Flächen hei remarkabel, wees net op extra dono gesicht ginn ass ?

well ech e Fan vum goldenen Schnett an den Fibonacci Zuehlen sinn , hun ech mer erlaab des eraus ze printen an e bessen op old school Manéier dran ze zechnen: https://www.dropbox.com/s/8dok99yswbbj4vy/20180221-IMG_8447.jpg?dl=0
hei fënnt een 3tel Deelungen, Quadraten an esouguer e Rechteck am genauen Verhältnis vum GS , déi och nach déi schief Linn vun der Bordure trëfft. Ass daat Zoufall oder gesicht ? waat seet den Fotograf?
Hoffen dass ech heimat elo kee Stress op dëser scheiner Sait machen
Jean-Jos 23.02.2018 - 00:05
Exzelent analyséiert a gewisen!!!
gemu 23.02.2018 - 09:19
Ech sin elo selwer erstaunt iwer d'Resultat. Wéinst dem Schnéifall wollt ech d'Hassi net méi lang wéi néideg de Wiederkonditounen aussëtzen an hun à la vite 2 Biller gemach am Schutz vu mengem Matantel. Nom scannen vum Negativ hun ech d'Linnen riet gezunn an op Aemooss esou recadréiert dat se méch ugesprach huet, et pour cause elo gesinn ganz genau wirwaat dat se mir och esou gut gefällt closed_eye

Excellent Arbecht t-ren, un grand Merci dofir,.
Jean-Jos 23.02.2018 - 00:06
Eng Foto mat vill Flair a mat ganz staarker Bildkompositioun a flotte Linnen, wéi den t-ren ganz androcksvoll demonstréiert huet. Super!
gemu 23.02.2018 - 09:21
2 x Merci gesot Jean-Paul

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 192 Gäscht online