Och wann ech mam Sujet selwer naischt ufänken kann,
Muss ech awer hei soen dass den Bildopbau perfekt ass! Sämtlech markant Linnen feieren op den goldenen Schnëtt zereck, Quadrat a Rechteck kommen emmer erem, einfach gudd!
Ech sin elo net esou Spezialist. Eng Foto mat Kommentar beifügen geet menges Wëssens nëmmen duerch beifügen beim Kommentar vun engem link op eng vun dengen eegenen Fotoen hei op PG (copy/paste rubrique "Fir anzesëtzem [pg_img=...nr.. "] )respektiv duerch beifügen vun engem link op een externen site, respektiv op eng cloud wou's de deng Foto gespächert hues.
Daat wor mir och opgefall, mee et huet mech elo awer net esou immens gestéiert, wëll ech geduecht hun de vide géing duerch den Luuchtepoto opgefangen gin.
Do kann ech Ierch Recht ginn, dass déi Linn vun der Bordure do no baussen feiert, trotzdem ass den Emplacement vun den Linnen a Flächen hei remarkabel, wees net op extra dono gesicht ginn ass ?
well ech e Fan vum goldenen Schnett an den Fibonacci Zuehlen sinn , hun ech mer erlaab des eraus ze printen an e bessen op old school Manéier dran ze zechnen: https://www.dropbox.com/s/8dok99yswbbj4vy/20180221-IMG_8447.jpg?dl=0
hei fënnt een 3tel Deelungen, Quadraten an esouguer e Rechteck am genauen Verhältnis vum GS , déi och nach déi schief Linn vun der Bordure trëfft. Ass daat Zoufall oder gesicht ? waat seet den Fotograf?
Hoffen dass ech heimat elo kee Stress op dëser scheiner Sait machen
Ech sin elo selwer erstaunt iwer d'Resultat. Wéinst dem Schnéifall wollt ech d'Hassi net méi lang wéi néideg de Wiederkonditounen aussëtzen an hun à la vite 2 Biller gemach am Schutz vu mengem Matantel. Nom scannen vum Negativ hun ech d'Linnen riet gezunn an op Aemooss esou recadréiert dat se méch ugesprach huet, et pour cause elo gesinn ganz genau wirwaat dat se mir och esou gut gefällt