2 Beem, e Mann eng Skulptur, wou sin d'Relatiounen? wou de Sujet? Et ass en hinn an hier gerappt waat d'Foto soll bezwecken.
meng Idi hei: de Mann mat der Skulptur méi an de Focus setzen, daat get einfach andem een e puer Meter no lenks geet an eng Brennweit vun 80mm aplaaz vun 22mm benotzt !
Dat ass och richteg, an ech soe Merci och fir dëse Kommentar. Natirléch hätt ech och sou kéinte cadréieren, (wat jo durch cropen och nach méigléch ass, och wann déi puer Meter no lénks sou net méigléch sin) awer ech hu bewosst dëse Cadrage gewielt, well ech einfach di Formen a Strukturen, déi den Décor urbain huet, mat abanne wollt a méch net just wollt op d'Personnagen (lieweg a bildhaueresch) konzentréieren.