Richteg gutt däi Bild, a wann ee bedenkt dat déi Solinar Objektiver op Berechnungen vun virun 70 Joër baséieren kann ee scho bal soen.. 'exzellent'..., fir mech jiddefalls..!!
Merci Maimonides fir deng appréciatioun. De Format
vum Negativfilm bei desem Apparat ass 6cm x 6cm dohir den quadrateschen cadrage. Et ass schons eng Emstellung bei der Bildgestaltung.
Gudd, datts du haut di Foto ropgelueden hues mam Verglach Isolette - Handy, soss hätt ech di Foto hei net gesin. Dat bestätegt just méng Erfarung, well ech och eemol hun dierfen e puer Deeg mat enger Isolette fotograféieren. An dat erënnert méch drun, datt ech jo nach méngem Papp séng Agfa Silette mam Apotar 1:2,8/45 do leien hun. Ech muss déi mol neess eng Kéier fidderen mat hir op den Tour goen.