Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

La Gomera Owes

 
La Gomera Owes
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2006
  • Gekuckt:
    47781
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/1
  • Blend:
    f/22.6
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    417 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=8810]
Kommentar vum Fotograf:
En flotten Sonnenennergang zu La Gomera.
patty 08.08.2006 - 22:22
wuar daat do wou och mol den lex wuar? wann ech daat lo sou wage an arennerung hun! naja lo mol zu der foto,
se gefällt mer ganz gudd ech sin jo en fan vun deenen moofen an rosaen thein hat ech och schon beim lex senger foto geschriwwen!
daat gesaid einfach wonnerschein do aus! et geif mech wiekelech reitzen och mol dohinner ze goen!
wiekelech ganz flott foto!
klengtfierkel 08.08.2006 - 22:27
gnau huet mech o un di foto vum Lex areennert direkt ..
wieklech wonnerschein di faarwn ..
einfach schön smile
yoshi 08.08.2006 - 22:29
merci dir 2, et ass awer iwwer 1000 km vum lex senger foto wech closed_eye
daat heiten war op La Gomera, eng Insel direkt nierft Teneriffa.
patty 08.08.2006 - 22:45
wow 1000 km an daat gesaid awer sou ähnelech aus! ganz flott! an ersatunt!
klengtfierkel 09.08.2006 - 00:25
ohlalala .. well o dohinner smile))
Minaa 08.08.2006 - 22:53
Deng Fotoen déi's de a letzter Zäit sou hei roplueds hun iergentwéi all e liichten Rosa-Moow-Touch ;D Ass awer iwwerhaapt net schlemm, fannen se schéin sou ... déi heiten och rem, deen Effekt ass einfach flott bei sou Sténg/Fielsen am Mier, gesäit aus wéi wann et Niwwel wier.

Se huet mech awer och direkt um Lex seng Foto erennert, firun allem am Thumbnail smile
yoshi 08.08.2006 - 23:21
smile merci minaa, daat hällt awer och lo rem op mam rosa-moow-touch smile dei waren all aus der geigend an mei owes gema, wou eben sou luucht ass smile
NoHa 09.08.2006 - 00:04
Hallo Foto vun niewendrun smile
mecht erennert se och un dem Lex seng foto.. an dei as effektif zimlech ähnlech!
waat mir bei deser besser gefällt wei beio der klenger as datt een d'steng anzwousch hisetzen kann...also mir gefällt se besser mat lanschaft an sou smile

bis dann noopeschfoto smile
yoshi 09.08.2006 - 00:18
vielen dank, wie lieb von dir smile
bizzy 09.08.2006 - 01:44
heyheysmile ah hei di do insel kenne mer dach =D
war och schon di eng oder aner keier zu tenerife, an vun eiser terrasse vum appartement geseit ee su schein am mier hannen "la gomera", an nach mi schein as et wann den himmel gaaanz kloer as an d sonn just hannert der insel ennergeet. hmmm *dreem* ... yea an 5 deeg gesin ech se rem live hehe smile
geseit wonnerschein aus, su romaaaantesch smile an di wellen, et mengt ee baal t wier niwwel um buedem.. huet iergendwi eppes düsteres, geheimnisvolles.. gefällt ma ganz gudd smile as just bessi schued dat den himmel riets su hell as.. se wier o bestemmt schein wann net su vill himmel drop wier, nee ?
hmm ech mengen des keier fueren ech och mol mam boot bis riwer een tuer iwer d insel treppelen.. smile wi laang hues du gebraucht bis riwer? waart dir an enger grupp mat engem guide oder kann do jidereen eenzel d insel entdecken?

puh, dat do war derwaert =D
yoshi 09.08.2006 - 02:09
Salut, als eicht mol merci vir dain Kommentar, du hues d'Athmosphair wierklech schein beschriwwen dei do hannen ass smile
Ech mengen et waren 45 minuten bis vun "Vueltas" bis op "Los Christianos" mat zweschenstatioun "San Sebastian". Vueltas an San Sebastian sin 2 Uertschaften op La Gomera. Ech war zu Vueltas, daat ass dann eng veirel Stonn mei wait wei San Sebastian mat der Faire "Garajonay".
Op La Gomera kanns de alleng higoen, an et ass eng aaner Welt wei Teneriffa, daat garanteiren ech der smile wann ech eng fro iwwersin hun so bescheet smile
Johny 09.08.2006 - 02:10
Ech mengen hatt ass der Meenung dass de op Teneriffa wars an La Gomera nemmen en Ausfluch war closed_eye
bizzy 09.08.2006 - 02:15
jo dat sen/war ech smile dat heescht du wars amfong di ganz wakanz zu gomera an bas just eng keier mam boot riwer op tenerife gefuer komm, wi ech den johny elo verstin? closed_eye
yoshi 09.08.2006 - 02:17
Ech sin mam Fliiger op Teneriffa geland an vun do aus Faire op La Gomera, 2 Wochen do, Faire zreck, um Flughafen den Johny an Lydie begeint an zreck geflunn closed_eye
Johny 09.08.2006 - 02:18
Jo do kann ee wierklech emol soen, "D'Welt ass kleng" smile Dausende vu km wech vun Letzebuerg an mier gesin de yoshi trotzdem.
yoshi 09.08.2006 - 02:16
Ah also ech war 2 wochen op La Gomera, mee ass awer bestemmt och flott vir een Daag su unzeschneiden.
bizzy 09.08.2006 - 02:18
mir schreiwen hei lanschteneen =D majo ech menge ganz dat maan ech des keier wierklech, wannch di foto do gesin.. closed_eye waert dann och flaisseg do hannen knipsen
soou lo gin ech mech awer an d bett klaake, muss muer schorem um 9 aus de fiederen =/
man liest sich =P nuecht
yoshi 09.08.2006 - 02:30
majo dann nuecht, an wann mer eis nemmi schreiwen virdrun: eng schein vakanz! an breng flott fotoen mat smile
Johny 09.08.2006 - 01:49
Ganz schéi Faarwen, ganz schéin Stëmmung, ganz schéin Foto smile
yoshi 09.08.2006 - 02:03
merci smile
Kwitchibo 09.08.2006 - 02:48
Daat as eng Foto wou einfach net genuch kritt fir se ze kucken!!Super
yoshi 09.08.2006 - 02:57
thanks smile
Charly 09.08.2006 - 07:51
Ganz schéin! Just den Horizont ass mer e bessen zevill an der Mëtt. Du kinnts och probéieren d'Fuerwen e bessen méi ze saturéieren, virun allem fir den Himmel.
yoshi 09.08.2006 - 13:50
Merci Charly, mam Horizont keinst de Recht hun. D'Faarwen satureiren wees ech net, ech hun d'Gefill, dass wanns de den Himmel do nach bessi mei satureiers, dass d'Faarwenvielfalt verluer geet, well deen hellsten Deel misst jo dann normalerweis mei grouss gin.
little-dreamer 09.08.2006 - 08:29
eng ganz schein foto!smile all respekt! et kennt mer vir wi wann ech dat bild do schon mi oft gesin hun...an mengem geos buch ass mengen ecch och su eng ähnlesch foto!cool
mee soss wieklesch eng wonnerschein foto!=D
(p.9)
yoshi 09.08.2006 - 13:50
hehe merci closed_eye ech hun daat buch leider net, soss geif ech direkt nokucken gon smile
little-dreamer 09.08.2006 - 15:21
wann ech et rem fannen schecken ech der en bild dovun smile
kola 09.08.2006 - 08:43
Eng herrlëch Stëmmung, einfach nëmmen fir ze geneissen smile
yoshi 09.08.2006 - 13:51
En herrlechen Kommentar, vir op der Zong zergoen ze loossen smile
klex 09.08.2006 - 11:03
Schéin foto!
Fir mol unzefenken, d'dest kéier gett et käng su eng wäitgräifend Analyse wi bei dénger aanerer Mierfoto, fällt mer lo ze schwéier mech ze konzentréieren closed_eye

Ass emmer flott mat de beliichtungszäiten um Mier ze experimentéieren, misst ee mi oft kenne maan.

D'ass flott well se fir moovelzech ass an hannen geet se rem bessen an d'roudelzecht, ouni di schéine Goldroud reflectiounen fir un de steng ze vergiessen! D'wär schéin wann déi o na besse mi ze gesinn wären op deem Grousse steen an der mett. Hues du déi eigentlech gemaa oder wou komen déi hier? gesäit net äus wi wann d'Sonn do enner gaange wär...

Di silhouette vum Steng hannen am Bild gefällt mer och ganz gudd. An di kleng wolléck uewen get dem himmel genee waat e bräuch, méi wollécken géifen ooflenken, mee ouni wär et ze eidel. Jo, an d'Rumm ass och ganz flott gewielt smile

So, a wi wuar et mam steps? Bei Blend 22 hoffen ech dats de e properen chip haas closed_eye
yoshi 09.08.2006 - 13:57
Als éicht mol merci vir dain awer nach zimmlech gründlechen Kommentar smile
Steps hun ech keen op der FOto wechgemaach suwait ech mech erenneren.
Fenns de deen roudschimmer op den Steng gudd? Et gett eng Rei Leit dei daat stéiert. Dei roud Luucht kennt iwregens vun den Stroossenluuchten déi do zimmlech no dobai stin, sou wei och bei der aanerer Foto hei direkt nierft deser smile
Ech muss mer virun der nächster Vakanz un d'Mier onbedengt en Grofilter kaafen, well och mol d'Sonn mat drop kreien mat längerer Beliichtung.
joellchen 08.09.2006 - 18:24
wonnerschein smile dei haat ech nach guer net gesin smile
yoshi 09.09.2006 - 22:05
merci, besser speit wei ni tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 507 Gäscht online