Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Bam

 
De Bam
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.12.2016
  • Gekuckt:
    20788
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    920 KB
  • Originaldatum:
    2016:12:06 09:37:14
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87640]
Kommentar vum Fotograf:
Déi alleréischt Sonnestrahlen dauchen d'Landschaft fir e ganz kuerze Moment an e rout Liicht.
Dëse Bam ass schonns oft fotograféiert ginn, de Raymond Clement mécht ganz Austellunge mat nëmmen dësem Sujet.
An awer ass et ëmmer erëm derwäert eng Foto vun him ze maachen, en ass ni d'nemlecht.
NikonD80 31.12.2016 - 11:22
flott Liicht an Faarwen, schéin Stëmmung, och mat deenen Spuren di bei den Bam féieren
jorsch 01.01.2017 - 12:29
Merci NikonD80!
Nicon07 31.12.2016 - 12:47
E Klassiker an der Seriebildfotografie. Ech hat virun 10 Joer och mol eng Eech tëscht Sëll a Brouch iwwert ee ganzt Joer sou "verfollecht" bei alle Wiederkonditiounen an och zu verschiddenen Daageszäiten.

Déng Foto hei huet eppes Nodenkléches an séch. Den Tannebësch, deen séch verneigt virum Laafbam, sou wéi ee Mënschegrupp virun engem charismateschen Eenzelgänger. Ee Wee, deen, op den éischte Bléck, op de Bam zou geet, mais deen awer, wann ee mi genee kuckt, eigentléch op ee Koup Mëscht ënnert dem Bam geet. Dee Koup Mëscht awer kann theoretsch net vum Tannebësch gesi gin. Kann een do Parallelen zu eiser Art a Weis, fir Mënschen (oder soss een, eppes) unzehimmele, gesin? D'Farwen an der Foto sin och ganz zweedeiteg: dat blowäisst Kaalt am Géigesaatz zu deem roud-bronge Warmen. An dann d'Trakterspuren, déi am Ufank a Liesrichtung gin, eigentléch laanscht de Bam, mais dann irgendwann am gëllene Schnëtt, ëmdréinen, an op de Bam zou striewen. Woubei awer di mi aal Spuren ganz rechts ënnen, de Bam lénks stoe loossen. Heescht dat, datt wann een ze no un eppes Unzéiendes rukënnt, een nët mi auswäiche kann an noutgedrongen op den Unzéiungspunkt ofgelenkt gëtt?

Sou lo geet et duer mat deem Gephilosophéiers, lo gin ech kucken, datt mir den Hirgem nët ubrennt.... closed_eye


Schéint Neit Joer!
jorsch 01.01.2017 - 12:35
Ech freeë mech datt s du der Zäit geholl hues an esou eng detailléiert a flott Analys mat perséinlecher Interpretatioun geschriwwen hues. Mécht Spaass ze liesen a géif dengem Kommentar gären e Fav. ginn! smile
Ech wënschen dir och e schéint neit Joer mat ville flotte Fotoen ... an hoffen datt den Hirgem net ugebrannt ass!

Nicon07 01.01.2017 - 16:27
Merci fir de Favorit... closed_eye


An den Hirgem ass net ugebrannt, mais dee war ganz gudd gi mam Geméis drann. smile
Maimonides 31.12.2016 - 15:56
L'hiver en rose,
jorsch !
jorsch 01.01.2017 - 12:36
Merci Maimonides.
Wënschen dir eng année en rose!
theom 01.01.2017 - 13:15
E ganz gudd Bild, besonnesch de Bildopbau.
jorsch 02.01.2017 - 12:37
Merci theom, dat freet mech!
Conley 03.01.2017 - 00:16
Eng Wonnerbar äiseg Stëmmung, schéin Linnen an Kontraster och mat de Faarwen!
Bild horizontal Gespigelt, wier fir mech einfach genial ?
jorsch 03.01.2017 - 20:24
Merci Conley, freet mech wann d'Stëmmung der gefält!
U spigelen hat ech iwwerhaapt net geduercht. De Sujet gesinn ech esou oft datt ech mer en ëmgedréit net gutt virstelle kann. En plus lafen d'Linnen am Bild vu lénks no riets, déi gewinnte Liesrichtung fir eis Aen.

Wënschen der nach e schéint neit Joer mat ville flotte Fotoen!
Conley 04.01.2017 - 00:01
De Sujet lenks an´t Bild gesat, (duerch Spigelung) dann lafen Linnen déi den Trakter am Schnéi hannerlooss huet dach och vun lénks no riets. Ginn dann awer net vum Bam blockéiert. Wat de Bam och gutt betoun. Spigelung betount de Bam fir mech nach een Tick besser an geet dem Bild nach eng gewëssen fräi Interpretatioun. Dat ass awer just meng Meenung!
Wënschen ech dir an dengen Léifsten och een schéint neit Joer!
jorsch 04.01.2017 - 09:20
Ech hunn et elo ausprobéiert. Deng Iwwerleeunge kann ech novollzéien, besonnesch wat de Verlaf vun de Spuren ubelaangt. Awer ech ka mech net dru gewinnen, dat alles ëmgedréint ass. Ech hunn den Original ze vill am Kapp a mäi Gehir ass hei net plastesch genuch. smile
bac 04.01.2017 - 13:31
Wanterstemmung schéin agefaangen Jorsch. Spuren am Feld weisen gekonnt de Wee zum Haaptsujet
jorsch 05.01.2017 - 09:10
Freet mech wa se dir gefält, bac!
ToPo 08.01.2017 - 10:41
Flott Foto, Jorsch!
Wéi's du seess, de Sujet ass bekannt, mee ëmmer neess interessant! smile
jorsch 08.01.2017 - 21:33
Merci Topo! Du wees, do kënnt een net gutt laanscht ouni eng Foto ze maachen. Hu mech och iwwert de Fav. gefreet.
ToPo 12.01.2017 - 17:40
Gaer geschitt! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 410 Gäscht online