Eric, vu dass hei net méi vill aanerer moderéieren: Kéins Du Dech mol vleicht derzou duerchrengen an Zukunft e ganz bessen méi ze schreiwen wéi just "mega", "flott" oder sou ähnlech. Hei geet et schon drem sech e bessen mat enger Foto ze beschäftegen an e bessen méi ze schreiwen wéi op z.B. op FB. Daat heiten ass e Site vun engem Fotosclub an keen Kaffiskränz'chen, sorry huet mol missen gesoot gin.
Merci, sin der zwar dankbar, mee kuk der Biller méi lang an genau un, sich och Fehler, wat een anescht machen kéint. An wanns de dann nach ëmmer denks, wow, dann gàren an Wochenofstëmmung. Ass net béis gemengt.
Des gefällt mir lo wirklech zech mol besser wéi déi wou ech fir d'lescht kommentéiert hun, déi wou (fir mech) den Himmel net mam Rescht harmonéiert huet.
Wann se net schon an der Oofstemmung fir d'WF wir (dofir hun mir jo den Eric), hätt ech daat elo gemaach. Genau mäin Goût, ausser vleit och hei den Himmel deen mir bei deser vue e bessen ze onnatirlech wierkt (Nik Filier oder?). Mee, et huet een d'Tendenz aaneren hir Fotoen aanescht ze kukken wéi déi eegen. Wann ech éierlech sin kennt déi Bea vum Himmel och vu mir sin, obwuel ech se lo hei net sou 100% gelongen fannen.
Merci. Jo den Eric mecht WF schons voll
Mee et ass awer keen NIK zum Asatz komm. Et ass fir d'éicht mol en HDR aus 5 Biller, an dann am LR verschafft. Dat ganzt alles am RAW. Machen nemmen nach RAW, well do immens vill vun Farwinformatiounen dran ass, vis-à-vis vun engem JPEG.
Ech fotograféieren gläichzäiteg am jpeg an RAW. Benotzen dann d'jpeg am Fong just als "Virschau" fir ze décidéieren wéi eng RAW ech well an den LR importéieren. Mee jidfereen huet do säin System.
Jo dei do huet eppes. Flott Landschaft mat enger scheiner Deiwt an Athmosphär. Just steiert mech daat bloot am Himmel. As et en Sonnenennergang oder matsen am Daag? Do passt eppes net. Bessen mei e "warmen blotoun" (oder bloen gieltoun) geif ech hei besser fannen dass se mei stemmeg wier. De Paul huet et zwar och schon gesoot mee wollt mein Pefferkär o nach beileen
Dës Foto ( an och déi aner vun dëser Plaz ) gefale mer an sech gutt. Den Himmel ass hei ( fir mäi Gefill ) däitlech besser wéi virdrun an awer fannen ech en nach ze dramatesch. Mee dat ass sécher affaire de goût!
P.S.: Bass de net beim Fotograféiere geblëtzt ginn?