Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

cheminées

 
cheminées
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.12.2016
  • Gekuckt:
    47492
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    160 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x901
  • Späicherplaz:
    540 KB
  • Originaldatum:
    2016:12:03 17:38:34
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87531]
Kommentar vum Fotograf:
Um Daach vun der neier Biogasanlag zu Gonnereng, owes no Sonnenënnergang.
Fir de Rescht gesäit déi Anlag allerdéngs net extra fotogen an der Landschaft aus.
Paul-H 06.12.2016 - 23:12
Mee déi dooten ass gudd. Ouni elo lang wellen ze philosophéieren: Et kann (soll?) een emmer versichen daat schéint, positivt an sou Saachen ze gesin.
jorsch 07.12.2016 - 20:45
Merci Paul, fir däi Kommentar an deng Iwwerleeung zum Bild.
Villäicht soll ee versichen dat Schéint ze gesinn an trotzdem d'Ae virun dem manner Schéinen net zou maachen.
Maimonides 07.12.2016 - 00:10
Et kéint een zum Beispill soën
dass den Himmel top wier,
jorsch,
a genau bei de Rescht géif passen,
deen net manner top ass.

Oder emgedréint.

closed_eye
jorsch 07.12.2016 - 20:51
Ech hu mech vill iwwert däi Kommentar gefreet an och iwwert däi Fav. ...oder ëmgedréint. smile
Conley 07.12.2016 - 23:20
Kéint mir virstellen dass de dat Bild schonn eng kéier béi schlechtem Liicht gesinn an gespäichert has. An just op dat richtegt Liicht gewaart hues. Fir mech entstinn esou Biller seelen duerch Zoufall. Ech Tippen op eng geplangten Foto, déi een dan och nëmmen esou gutt kann weisen!
jorsch 08.12.2016 - 21:07
Merci Conley fir däi Kommentar an däi Fav.!
Ech fueren oft laanscht dës nei Anlag. En Deel intakt Landschaft huet misse bei Bau dru gleewen an mäin A kann sech net dru gewinnen.
Déi flott Kamäiner um Daach hunn ech dunn awer spannend fonnt. Wéi dëslescht den Himmel esou schéi war hunn ech missen zougräifen. smile
MsJarryman 08.12.2016 - 17:38
Du hues dir hei nees dee richtegen Detail erausgepickt, eng wierklech flott Foto mat spannendem Himmel.
jorsch 08.12.2016 - 21:08
Villmools Merci MsJarryman, fir de Kommentar an de Fav.!
ornitho 09.12.2016 - 00:22
Flott dei Geometrech Linen mat dem floten Dégradeierden Himmel, gefällt ma ganz gud vun da Kompositioun an da Idee !
jorsch 09.12.2016 - 18:22
Merci ornitho, ech si frou wann d'Foto der gefält!
marker 11.12.2016 - 20:17
..gutt kadréiert, an déi dräi ënnerschidlech Varianten vun de Kamäiner suergen effektiv fir déi néideg Spannung am Bild. D'Kiischt um Kuch ass allerdings den donkelen Damp als dynamescht Element an der gesamter statescher Konstellatioun..!!
jorsch 12.12.2016 - 14:19
Villmools Merci fir däin ausféierleche Kommentar an däi Fav.!
gtaddei1 20.12.2016 - 12:25
super!!
jorsch 20.12.2016 - 18:23
Merci!! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 266 Gäscht online