Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bonifacio

 
All Fotoen an dëser Serie:
45536 Thumbnail
46259 Thumbnail
Bonifacio
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.12.2016
  • Gekuckt:
    58586
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    11/12.09.2016
  • Fotoapparat:
    Sony A77 II
  • Objektiv:
    Tamron 28-75 f/2.8
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87499]
Kommentar vum Fotograf:
eemol bei Sonnenop- an Sonnenënnergang. Kann mech net wierklech decidéieren wéi eng ech besser fannen soll. Vläicht kënnt dier mer jo hëllefen?
Paul-H 01.12.2016 - 16:06
Ech fannen den Ennergang besser, wéinst de Wolleken.
saskiaschmitt 01.12.2016 - 18:24
Mir gefällt den Ennergang och besser, virun allem fannen ech dee klengen Eyecatcher u Luucht op deem enge Gebei immens immens flott smile
theom 02.12.2016 - 13:27
#2 ass ganz flott
noname 02.12.2016 - 17:55
den Ennergang ass besser, Wolleken, méi warm, méi douce, an den Eyecatcher wéi schon gesoot
Conley 04.12.2016 - 00:54
Di zwou Fotoen hunn eppes. Di éischt huet méi Faarwen an de Filsen an an de Gebaier. An den Himmel ass schéin kloer wat do de Bléck mat dengen Titel och do drop leet. An der Zweeter sinn an dem Himmel schéin Faarwen an Strukturen. Awer duerch däin Titel verléiert Motiv seng Presentz, et sinn do leider just nach gro Téin an e bëssen Liicht ze gesinn. Di Fotoen déi een an Fotozeitungen gesäit wou Faarwen schéin iwwert gans't Bild verdeelt ze gesinn sinn, sinn Techneschen gesinn mat engem Bild iwwerhaapt net méiglech. Di sinn aus méi Fotoen, Zäit versat gemaach ginn. An am Ps. zesummen gebastelt ginn. Deng Fotoen weisen Realitéit, an bei dengem Titel Passt fir mech di éischt besser.
Metalbambi 05.12.2016 - 19:10
Jo, kann een effektiv zimlech vill nach zesummenwurschtelen am Ps, mee wanns de Fotoen vun 6 Méint Reesen verschaffs bass de vir all Bild frou dat no basic Lr schonn gutt ausgesäit... bigsmile

Et brauch een awer keng extrem Montagen am Ps ze maachen vir et bei National Geographic ob den Cover ze packen.
Conley 05.12.2016 - 23:35
Se packen ass mir net konkret genuch. Ginn dann mol dovunner aus dass et deng Foto ass? Wann dann Gléckwonsch an Respekt! Dat well awer net onbedéngt heeschen dass mir de Cover gefält. Géing mech awer interesséieren op dat deng Original BEA ass. Oder hunn si se esou beaarbecht? Di Fro stellen ech dir well mäin Monni, eng kéier mam Télécran een interview iwwert Trüffelen hei am Land gemaach huet. (wuesst dat och net dass et déi bei eis ze wannen ginn) hunn deen awer esou verännert an verëffentlecht, dass hein an der Fachwelt zu dem Thema zimlech blöd do Stoung. Och no der Opfuerderung dat richteg ze stellen, ass nächst geschitt. Press ass och nëmmen Geld gesteiert! Freet mech dass de di Rees kon%u2018s maachen! An eigentlech brauch ech och ganz seelen PS!
Metalbambi 06.12.2016 - 10:49
Nee, ass net meng Foto... schéin wier et! :'D
Dat hänkt vill vun der Qualitéit vum Magasinn of géif ech mol soen... NatGeo an déi däitsch Geo verschreiwen sech z.B. zimlech vill der Fotografie, do ginn och Urheberreschter net mat Féiss getrëtonguepelt. Kann een virun allem vun NatGeo och oft d'Fotoen déi benotzt ginn an den sozialen Medien vun den Fotografen selwer rëmfannen als Referenz.
Metalbambi 05.12.2016 - 18:54
Interessant dat just den theom net implizéiert wat wéieng Foto ass, ech hat dat effektiv vergiess unzeginn. Sou am Nachhinein kéint eigentlech béides Obgang oder Ënnergang sinn, just eben méi fréi oder méi spéit. Nummer 1 ass effektiv den Sonnenobgang. Merci vir äer Meenungen!
Metalbambi 20.03.2018 - 10:11
Ech hunn d'Foto vun owes (#2) iwwerschafft an ersat, sou gefalen mier d'Faarwen däitlech besser.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 254 Gäscht online