En zweeten, méi scheien Artist sëtzt ënnert dem Hut vum Champignon.
Ech konnt d'Insekt ( wann et dann eent ass ) net bestëmmen, kann do ee mer hëllefen?
Verniwelung duerch't ausnotzen vun deenen Planzen am Virfeld. An déi Feiereg Stëmmung mat deem Kadrag an de Faarwen gefalen mir ganz gutt. Ween sech schonn mol eng kéier mat Pilzen beschäftegt huet weess wéi Sensibel Beliichtung un de Konturen ass. Am däischteren Bësch egal op een mat Reflekteren oder mat kënschtlechem Liicht schaaft. D'Insekten sinn hei natierlech Impressionant! Géing hei nach Liicht op déi beschränken. Liicht ënnert dem Pilz hält fir mech ze abrupt op!
Villmools Merci Conley fir däi laangen an détailléierte Kommentar
Un der Foto ass bei der Opnam a bei der Veraarbechtung guer näischt um natierleche Liicht geännert ginn. E Liichtstral hat op engem Bëschwee de Champignon erwëscht. Den Optrëtt vum Insekt war Zoufall, do hat ech just Chance. Ech wëll dofir d'Bild als Schnappschoss och esou loossen.