Ennert dem Gran Sasso rumouert et, do brécht Bella Italia an dausend Stécker, an dann ass d'Landschaft, déi di tragesch Realitéit vum "Stiwwel" camoufléiert sou fridléch, sou pastoral, sou vertrauenerweckend. Déng Foto mécht méch traureg, well ech weess, datt déi Leit, di do all Dag hirem méi oder manner bescheidene Liewen nogin, vun hirer schéiner Heeméchtsgéigend all Moment kënnen hannergaange gin. A mir hei an eisem verwinnte klenge "Schung", deen iwwerall dréckt, mir bekloen eis dag aus dag an, an trotz aller Gefor ronderem eis, si mir bis ewell nach ëmmer derlaanscht komm. (Domadder hun ech net gesot, datt ech well, datt eis och mol eppes geschitt, mais nodenkléch mécht et méch schon...)
Dei Realiteit do ass onbeschreiwlech... well se misst erliewt gin (mé daat kenn een kengem Wënschen...
Eppes ass secher .. et ass net vergleichbar mat der Katastro bei Jonglënster.. (wei trauresch deen ganze Gedesems am reichsten Land vun er Welt ) ...
Mé bon mir hun aise Buedem gaeren an et ass ais Welt ...
Jo se kennt ganz douce a fragile eriwwer. Eng landschaft aus Zockerwatt...mat enger flotter Deiwt. Just deen Punkt ennen lenks hätt ech nach eweg gemach.