Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

levata del sole @ sardegna

 
All Fotoen an dëser Serie:
45175 Thumbnail
45176 Thumbnail
45177 Thumbnail
45178 Thumbnail
45179 Thumbnail
levata del sole @ sardegna
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2016
  • Gekuckt:
    17498
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D2
  • Objektiv:
    Tokina 11-16/2,8
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:
Grofilter

Fir anzesetzen: [pg_img=86795]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach e puer Andréck mat Grofilter-Langzäitbeliichtung & Sonnenopgang aus Sardinien.
Pit 13.08.2016 - 20:50
Eng immens flott Serie, wou Nr. 4 awer net sou gudd ran passt. Dat net, well déi Foto net gudd soll sinn, mee well se vum Style hir anescht ass. Mee wéi gesot, eng wirklech ganz flott Serie.
galileo 14.08.2016 - 19:09
Merci Pit, du hues natierlech Recht mat der Nr 4 - mee et muss jo meeschtens een aus der Reii danzen closed_eye
Paul-H 13.08.2016 - 23:40
Ennerschreiwen dem Pit säin Kommentar mat zwou Hänn. Super déi LZB's!
galileo 14.08.2016 - 19:09
Merci och un dech !
gtaddei1 14.08.2016 - 23:27
Deng lzb sin gudd ... mee probeier de deng ze maachen! An verstéï firwaat du se mess...
galileo 15.08.2016 - 11:45
Ech sin ëmmer frou iwert e Kommentar vun dir ....zemool bei LZB, wells du do nawell Bescheed wees closed_eye

mee den hei Kommentar verstin ech nët closed_eye
gtaddei1 16.08.2016 - 21:06
Schein sin deng Fotoen ... me et gin der 1000000x100000 scheiner ... doifir mengen ech mucc emmer eng recherche do sin dei d'Bild deng mecht ... daat nennt een signature... an do wees du och ewei een daat mecht ...
mee ech muss soen dass se awer super gin sin ... mais n2 keint alleng liewen
galileo 17.08.2016 - 15:57
Ahh - elo gesin ech waat's du mengs.

D'Fro vum virwat ass einfach - well et mir Spass mecht d'Fotoen ze machen an ech zefridde sin, wann d'Resultat gelongen ass esou wéi ech et wollt. smile

D'Signature - jo - mol kucken. (BW kann ech déi LZB jo nët machen....soss sin se op emol nach wéi deng closed_eye )

Bei der Nr 2 gin ech der och Recht.
gtaddei1 17.08.2016 - 18:32
Ben stell dir mool vir et geif dir kee Spass machen .. dann geifste jo deng Knips verkafen oder einfach doheem loossen smile

Ewei ech ? mengen net ... soss geifste jo schon LP och ewei ech machen bigsmile
Conley 15.08.2016 - 00:46
De Moment wous de Foto gemaach hues, war den richtegen! Faarwen sinn an dengem Bild ganz Natierlech. Net iwwerdriwwen! Eng schéin Déift an di Linn di mat de Steng vun ritz keent, leeden de Bléck ganz schéin an däin preferéiernt Bild.
galileo 15.08.2016 - 11:46
Mercifir däin detailléierten Kommentar.

Moies virum Sonnenopgang sin d'Faarwen jo effektiv nach douce....de Kontrast zu denen fantastëschen Faarwen am Dag op Sardinien ass terribel schéin !
jorsch 15.08.2016 - 08:38
Ganz flott Serie, do war et derwäert aus de Fiederen ze kommen! smile
galileo 15.08.2016 - 11:47
Definitiv - hun et 4 mol färdeg bruecht closed_eye
Metalbambi 15.08.2016 - 11:28
Flott Serie, virun allem duerch den Asaz vum Grofilter! D'Faarwen an dem drëtten fannen ech och immens flott well den Faarfkontrast eng schéin Spannung opbaut. Bei der leschter hätt ech awer d'Reflexioun vum Sonnenënnergang um Waasser net sou ofgedäichtert (oder Clarify?), dat wierkt onnatierlech an hëllt der Foto en gutt Stéck vun hierem Punch.
galileo 15.08.2016 - 11:49
Merci fir deng Analyse...

Ech kucke mir déi läscht nach eng Kéier un...t'ass éischter de Clarify deen vläicht zevill ass...

PS: t'ass en Sonnenopgang smile
ornitho 15.08.2016 - 19:00
Eng Excellent Serie mat prächtegen Farwen, gefällt mir !
galileo 17.08.2016 - 15:51
Merci !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 412 Gäscht online