Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grande Sasso

 
Grande Sasso
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2016
  • Gekuckt:
    27472
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    240 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x1024
  • Späicherplaz:
    501 KB
  • Originaldatum:
    05/2016
  • Fotoapparat:
    Fujifilm XT1
  • Programm:
    B
  • Objektiv:
    18-55
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86755]
Kommentar vum Fotograf:
... Abruzzen
Michelle 09.08.2016 - 00:38
Herrlech schwaarz-wäiss! gefält mer dat den Bierg esou däitscher ass. Am Himmel sinn mer schonn bal ze vill Sträifen, wierkt sou abstrakt. mä d Liicht/Stëmmung funktionéiert awer ganz gutt. Format fannen ech och super. Ganz flott Foto!
gtaddei1 09.08.2016 - 08:33
Merci fir däin Komment...
Streifen am Himmel: kenn net dofir et ass d'Zäit dei daat gemeet huet an ech hun eben d'Zäit fotografeiert... an et ass daat gin...

Abstrakt an awer Reel... Et ass näischt denatureiert gin ... d'Kontraster an d' Donkel Teinung ass mäin Entwecklingschoix.

Merci villmols
Michelle 11.08.2016 - 00:23
Jojo ass mer schonn kloer datt d Zäit déi Sträifen gemoolt huet, d kann een jo ni sou genee soen wéini et duerno ausgesäit smile Se stéieren och net krass oder sou fir mech. Wann een d Foto vun net ganz sou no gesäit verschwannen se an mir gefält et mengen et halt besi besser wann dat lineaart doranner net méi sou präsent ass. "abstrakt an awer réel" gefält mer, dat maan ech och ganz gären. An deng Entwécklungschoixen fannen ech wéi gesot ganz flott! smile
gtaddei1 11.08.2016 - 14:45
Merci fir de feed back...
D'Streifen kreien ech eraus mat selektiv blur assetzen, hun och esou eng versioun ... Hun dourno fir des opteiert ...
Merci nach e moll
Nicon07 09.08.2016 - 09:29
Di Foto do kéint grad sou gudd mat enger Vintage 6X6 Kamera à la Rolleiflex oder sou gemaach sin. Dodurch ass se zäitlos, obschon datt s du d'Zäit fotograféiert hues.

(wi mir elo d'Autostrada del Sole dorower op Amalfi gefuer sin, si mir jo quasi dee ganzen Zäit laanscht d'Abbruzze gefuer, an do hun ech missen méi wi eemol un déch an déng Fotoe vun do denken. An ech hu mir virgeholl, di näxte Kéier, wann ech an Italia an d'Vakanz gin, eemol nët bei d'Mier oder an d'Toscana ze fuere, mais an d'Abbruzzen.)
gtaddei1 09.08.2016 - 12:58
Merci gesoot ---
Amalfi... ass oniresch awer do sin zefill Lait---
So du mir awer wannste an d'Abruzzen fierst... et waer flott wann ech do waer an dech keint empfaengen
Nicon07 09.08.2016 - 13:20
Dat vergiessen ech net, mais dëst Joer awer net méi. Dofir kéint ee séch jo mol eng Kéier kurzfristeg an de variskesche Bierger, och nach Ardenne genannt, empfänken...
Maimonides 09.08.2016 - 20:20
Wou dann, Nico ?

closed_eye
Nicon07 10.08.2016 - 09:19
Do gin et e puer Méigléchkeeten... closed_eye Mais dat geet awer hei net öffentléch weider... smile
gtaddei1 11.08.2016 - 14:42
Ekzellent... Merci dir 2
Donkey_town 09.08.2016 - 10:32
Fannen Streiffen vum Himmel, déi duerch Laangzeitbeliichtung entstaane sënn. Zeit geet einfach iwwert dem Bierg weider.
gtaddei1 09.08.2016 - 13:00
an villeicht geet de Bierg mat der Zäit ouni dass een et mierkt...
Et waer flott op e enzescht Bild ... stonnen Meint oder esouguer Joeren dropp ze hun... ouni eppes wellen ze kümuleiren mé just nemmen observeiren..
Donkey_town 09.08.2016 - 21:43
Genee sou gesinn ech daat och. Scho fascinant datt ee matt Photographie enger Seits eng Beweegung afréieren kann an aanerseits duerch Laangzaitbeliichtung ee Moment als éiweg duerstelle kann.
Maimonides 09.08.2016 - 20:19
Do hänkt awer 1 Seelbunn
e bessen an der Loft, Gennaro,
oder net?

closed_eye
gtaddei1 11.08.2016 - 14:42
Jo... dei dech do erp hellt...
Conley 09.08.2016 - 22:48
Wolleken an de bloen Himmel sinn prozentual gesinn an engem gudden Verhältnis. Beliichtungszäit mam Filter an mat där Wandgeschwindegkeet ass dir ganz gutt gelongen, fir di schéin Sträifen am Himmel op de Sensor ze kréien! Di Gondel oder wat och ëmmer ass e bëssen Suspekt, stéiert awer net am Bild. Just dat Liicht oder den hellen Strich ënnert dem Bam lenks am Bild, zitt mäin Bléck ëmmer erëm dohinner.
gtaddei1 11.08.2016 - 14:41
Jo , fannen awer elo nix lusch bei der gondel... an de strech ass eng strooss .. ech fannen dass dei 2-3 elementer awer d'foto fëllen
m-otiv 09.08.2016 - 23:16
Like
gtaddei1 11.08.2016 - 14:39
Like too! smile
Pit 09.08.2016 - 23:44
Flott Langzaitbeliichtung, gefällt mit.
gtaddei1 11.08.2016 - 14:39
Merci...
Zora 10.08.2016 - 18:43
an den Abruzzen wuar ech och nach net, mee Italien steet um Urbex-Tour, zum Bild, den Bierg ass zäitlos, well deen bleiwt, alles aanescht geet.....iergendwann......
Nicon07 10.08.2016 - 19:04
Och ee Bierg bleift nët éiweg, Zora. A scho guer nët an Italien (am Allgemengen) an an den Abruzzen (am Speziellen). Mir waren elo an der Bucht vu Pozzuoli (dat ass quasi an der Bucht vu Neapel), do ass de Biedem nawell zolid a Bewegung. Do tauchen - iwwert Johrhonnerten gekuckt - (also geologesch gesin ee Aaenzwinkeren) réimesch Vestigen an d'Mier ënner an neess op. A vergiess nët d^Ärdbiewe vu L'Aquila 2009...
Zora 11.08.2016 - 19:42
ech wuar jo nach net do, dofir kann ech daat jo net wessen, merci fir Obklärung closed_eye
gtaddei1 11.08.2016 - 14:46
Abruzzen... Jo ass meng Geigend!
Zora 11.08.2016 - 18:24
ma dann muss de mer déi eng Kéier weisen, kann een do urbexen smile
gtaddei1 11.08.2016 - 19:53
Jo do kenn een vill urb xen
Zora 11.08.2016 - 21:06
cool closed_eye wéini fuehren mer, ech brauch jo een Dolmetscher closed_eye
gtaddei1 12.08.2016 - 08:05
Mool kucken...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 379 Gäscht online