Kommentar vum Fotograf:
Et war lëfteg deen Owend beim Godafoss, an ech hat mai Stativ mat Apparat relativ fir bäi opgeriicht, no um Ofgrond (natierlech). No ville Fotoen wollt ech och e bësse filmen, hunn dofir de Film gestart an puer Schrëtt zréck gaangen. No puer Minutten ass d'Loft méi staark ginn, a just nodeem ech duecht ech misst lo rëm bësse méi no bei d'Stativ, hunn ech och scho gesinn wéi et ugefaang huet mat ëmkippen! Mat zwee Schrëtt war ech derbäi a krut nach eent vun den dräi Stativbeen ze paken. Nix geschitt also, mee dat war e klengen Adrenalinschub