Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Wee

 
De Wee
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.06.2016
  • Gekuckt:
    28040
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    94/1 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1564x1100
  • Späicherplaz:
    879 KB
  • Originaldatum:
    2015:07:20 23:43:44
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikkor 16-35 F4
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86476]
Kommentar vum Fotograf:
an den Himmel.
Foto ass ob engem klengen Sports-Fluchhafen bei Condat sur Vézère am Périgord gemaach ginn. Fir mat wéineg Iso manner Rauschen an't Bild ze kréien, hunn ech mat der Vixen Polarie méi laang missen Beliichten. 94 Sekonnen mat 400 Iso huet mat dem Objektiv dann eenegermoossen gepasst. Mam Programm Stellarium konnt ech am Virfeld schonn kucken op et zu dem Zäitpunkt iwwerhaapt dowärt ass alles mat an't Vakanz ze huelen. De Mound war zwar do, mengen nach hallef. Dank Stellarium ëm di Auerzäit wou Fotoen gemaach sollt ginn, hannert dem Horizont no e bëssen warden awer verschwonnen. Zwar keng Ideal Bedingungen. Hunn dann awer ales mat geholl an et einfach probéier.
Gitzo GT4542LS Stativ an de Feisol CB-50D Kurelkapp huet der Polarie déi néideg Stabilitéit ginn.
Dono ass duerch e kleng Laach an der Polarie op de Polarstär dat ganz ausgeriicht ginn. Bei kuerz an Wäitsiichtegkeet net esou einfach. Op den zweeten Kurelkapp den schonn montéiert war ass dann Kamera drop komm an een Ausschnëtt ausgewielt ginn. Loft ugehalen dass nëmmen näischt verstallt gëtt. Fernbedienung ass seeche en muss. Spigelvierauleisung net onbedéngt bei esou laangen Beliichtungen, maachen dat awer eigentlech ëmmer.
Och wann den ganz bravem an schéinen Schäferhond den op emol am Däischteren op zwee Meter niewent dem Stativ souz, an sech sécher gefrot huet wat ech hei am Däischteren maachen. Mech zimlech Offréiert hat. War et no iwwer 30 Joer dach schéin den schéinsten deel vun eiser Galaxie der Mëllechstrooss erëm ze gesinn.
minimax 12.06.2016 - 15:33
Mega Foto !! smile
an Merci vir t Erklärung ! bigsmile
Conley 13.06.2016 - 19:23
Dass gären geschitt. An freeën mech hei dann 2x Merci Minimax!
jorsch 12.06.2016 - 20:43
Ech fantastesch Opnahm vun der Mëllechstrooss! Sou hunn ech se an Erënnerung wann ech als Kand an enger kloerer an däischterer Summernuecht den Himmel gekuckt hunn. Leider ass haut d'Luuchtverschmotzung esou datt dat Spektakel an deeër Schéinheet net méi hei am Land ze beobachten ass. Schued.
Flott och deng Beschreiwung vun dem Opwand, deens de bedriwwen hues, fir eng propper Laangszäitbeliichtung mat Korrektur vun der Erdrotatioun ze realiséieren. Et huet sech allefall gelount!
An de Schéiferhond ... war dat net e Fuuss, dee gemengt hat du wiers de Petit Prince? smile
Conley 13.06.2016 - 19:31
Villmools Merci jorsch, fir den schéinen Komentar de Fav. an deng Ergänzung vun der Beschreiwung, huet mech gefreeeet dat ze liesen! smile Zemools dass Foto dech och nach un deng schéin Kandheet Erënnert, nach ouni d'Luuchtverschmotzung.
Mam Fuuss hätt ech nach kennen liewen. Sinn schonn mol mat engem op Gare gaangen. Awer déi Wëllschwäin déi zwee Deeg no der Foto, am Bongert niewent dem Haus, sech Ätonguepel schmaachen gelooss hunn. Déi hätt ech dann awer net am Däischteren wëllen begéinen. confused
Ps. Gléckwonsch fir W.F.
Pit 14.06.2016 - 10:58
Eng impressionant an flott Opnahm.
Conley 14.06.2016 - 20:56
Villmools Merci Pit. Et war wierklech impressionant déi mol nëss eng kéier ze gesinn!
Pit 14.06.2016 - 22:16
Ech hun déi nach nie esou gesin...
Conley 15.06.2016 - 23:55
Esou kënnen eis Aen dat net gesinn. Just eng Laangzäitbeliichtung kann méi Stären op dem Sensor weisen. An mir gesinn se och just S/W. Et sinn awer vill Faarwen dran. An all normalen Kamera ass virun dem Sensor een IR-Filter agebaut, den leider just nach e bëssen Faarwen duerch léist. Dofir sinn och net vill Faarwen an der Foto mat der D800 ze gesinn. Deen Filter hunn ech mir bei der D7000 eraus bauen gelooss. Reng IR-Fotografen loossen sech virun dem Sensor een Schwaartz-Filter an bauen. Dat wollt ech net. Bei IR- Fotoen schrauwen ech léiwer een Schwaartz-Filter op't Objektiv. Kann Kamera dann och nach fir Asto-Fotografie benotzen. Ech hoffen dass dat wat ech hei geschriwwen hunn verständlech ass, wann net. Einfach no froen!
Pit 16.06.2016 - 07:51
Jo, merci fir déi ausféierlech Erklärung. Biller déi sou entstinn sinn immens impressionant.
MsJarryman 14.06.2016 - 12:34
Deen Opwand huet sech gelount. Eng super Foto.
Conley 14.06.2016 - 21:25
Schued dass D7000 nach net ëmgebaut war, fir IR an Astrofotoen. Op ech nach eng kéier Geléigenheet kréien dat mat der D7000 ze probéieren, fir Spektralfaarwen besser ze weisen. Steet dann an de Stären.
Villmools Merci MsJarryman fir de Komentar an de Fav!
gemu 14.06.2016 - 17:36
Wouw, impressionnant Opnaam an Beschreiwung. Ech kann mech kaum erënneren d'Mëllechstross esou gesin ze hun. Super Arbecht !
Conley 15.06.2016 - 00:00
Sinn frou dass Beschreiwungen iwwerhaapt nach gelies ginn! Ob schonn se zimlech laang ass, an awer huet nach genuch gefehlt. Wat fir mech eigentlech normal war, well ech mech an der Theorie schonn Joeren domadder beschäftegen. Huet de jorsch ganz gutt ergänzt. Nach eng kéier een Merci jorsch! Wat mech ganz vill gefreet huet! Beschreiwung wéi dees Foto gemaach ginn ass, sollen eigentlech nëmmen hëllefen. Et selwer nach besser se maachen!
Dat ass oder kennt villäicht Naiv eriwwer. Mee eigentlech ass de Gedanken seng Foto ze verëffentlechen an Konstruktiv Kritiken ze kréin, der ze schreiwen an seng Erfarungen weider ze ginn. Fir dass een vun deenen aneren kann léieren. Vum quid pro quo Effekt kann eigentlech jiddereen Profitéiert!
Villmools Merci gemu fir de Komentar an de Fav!
g3ckko 15.06.2016 - 15:32
Also, déi Foto leist een dreemen a gläichzäiteg ass se e gudde Reminder wéi kleng an onbedeitend mir all sinn. Och merci fir déi gutt Tipps. Lo spillen ech och mam Gedanken deen Stab ze kaafen. Well ob d'Seychellen geht et definitiv zereck an do ass d'Nuecht stackdäischter!
Conley 15.06.2016 - 22:11
Mam Stab mengs de bestëmmt just Stativ? Datt ass fir de Fliger e bëssen groes. Ech war erféiert wéi dat geliwwert ginn ass. Ech hunn just datt stabilst geholl wat ech hunn.
Villmools Merci fir den schéinen Komentar an de Fav.
An vill Spaass nach beim ausprobéieren op den Seychellen!
Een Link fall's de Polarie mengs. Eng ganz Interessant Säit!
http://gwegner.de/review/sterne-in-langzeitaufnahme-die-vixen-polarie-der-portable-astro-tracker-fuer-die-reise/
g3ckko 17.06.2016 - 09:18
Merci. Mjo haat den Stab(ilisator) gemengt smile
Jean-Jos 19.06.2016 - 12:24
wow
lo jhust eréischt an der Wochenofstëmmung entdeckt
THX fir déng Infos!
Conley 19.06.2016 - 22:13
Ech fann dass wann een esou eng Fotoen aneschters mécht, wéi di déi hei schonn gewisen ginn sinn . Gehéier och eng kleng Erklärung dobäi.
Villmools Merci fir de Kommentar Jean-Jos.
Freeën mech besonnesch iwwert de wow!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 402 Gäscht online