Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Groreiher (2)

 
Groreiher (2)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.05.2016
  • Gekuckt:
    17094
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    120 mm
  • ISO:
    12800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1000
  • Späicherplaz:
    400 KB
  • Originaldatum:
    2016:05:05 20:55:28
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    NIKKOR 24-120
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86307]
Kommentar vum Fotograf:
Bei desem war ech null preparéiert, ech konnt just nach séier d'Beliichtungszäit emstellen (fir dass en och beim fortfléien nach schaarf ass) an op ISO Automatik emschalten, waat ech normalerweis net benotzen well d'Automatik gären e bessen héich gräift...
deCla 21.05.2016 - 12:02
Schnell reagéiert dann, ech fannen se super smile
Paul-H 21.05.2016 - 12:24
Merci Claudio !
Knipser 21.05.2016 - 16:48
Schéin Foto. Häs an Bleckrichtung eventuel méi Raum kennen loossen.
Paul-H 21.05.2016 - 20:38
Stemmt, mee do war nach méi Gras.
g3ckko 21.05.2016 - 17:13
Hiihihi, Auto-ISO. Wéi laang hues de um Bild gemoolt? tongueAss schonns baal en artistegen Plus.
Paul-H 21.05.2016 - 20:39
Merci fir den Kommentar.
Ech haat wéinst der spontaner Situatioun keng Zäit den ISO op gudd Glèck manuell ze wielen. Also dann léiwer Auto-ISO wéi guer keng Foto. Ech akzeptéieren gären Kritik, awer net wann se sou ironesch, jo schon baal arrogant riwer kennt. Ass et net egaal wéi laang een un enger Foto schafft? Setz Du net och mol méi laang hannert enger wells de versichen wells daat bescht raus ze huelen?
g3ckko 22.05.2016 - 00:55
Okay. Ech wollt definitiv net arrogant eriwwer kommen. Matt der Ironie lais Du allerdengs net esou falsch. smile Also wann een deng Uploads bis elo kuckt, dann wees een, dass de eppes drop hues. Aus deem Grond haat ech mäin Kommentar och mei locker oder fläit och frech gehaalen an sinn dovunner ausgaangen, dass et net all ze haart geif obgehollt ginn.

Am Fall vun deser Foto, ass et eben dei schlecht Qualitéit, déi mein Senn fir Humor ob de Plang geruff huet. Deen high ISO kombineiert matt noise-reduction (huelen ech un), vermettelt den Androck vun Pinselstrecher. Daat ass net beis gemengt, ech hun et just witzeg fond.
Paul-H 22.05.2016 - 01:30
Kloer hun ech missen Rauschen raus huelen an déi 'Pinselstrecher' sen dofir am Gras ze gesin. Ech perséinlech fannen den Reiher selwer awer lo zimlech 'proper', dofir hun ech se weisenswert fonnt. Mat der Beschreiwung wéi se zustann koum. Mee natirlech sen 12800 ISO eben 12800 ISO.
Merci awer nach eng Kéier fir Deng Entwert.
g3ckko 22.05.2016 - 10:02
Als proper geif ech de Reiher elo net bezeechnen. smile
ornitho 21.05.2016 - 19:09
Do ass uo keng Foto mei, mee eichter e Painting bigsmile
Wann ech ganz eierlech sen, sou eng Foto flitt carément an Poubelle bei mir, mecht io keen wieklechen Senn oder ?
Hoffen hells ma meng Meenung elo net iwel oder Perseinlech..

MBG.

Ornitho
Paul-H 21.05.2016 - 20:39
Firwaat mecht et keen Senn? Kann et sin dass mir hei d'Fotoen zevill technesch gesin?
ornitho 21.05.2016 - 22:46
stemmt hun mech giet, ass eng Mega Foto !!!!
Paul-H 21.05.2016 - 23:40
Ech war emmer der Meenung hei géif konstruktiv Kritik gemaach gin. Ech liesen vun Dir awer just Ironie. Wann se Denger Meenung no net gudd ass dann so wéinegstens waat net gudd ass.

P.S. Daat heiten ass fir mech nach vill méi e Painting:
!Dës Foto ass net méi am System!
ornitho 21.05.2016 - 23:49
Wanns Du aus erfahrenen Fotograf net gesais wat eng gud Foto ass kann ech Dir och net weider helefen...
Du wells geren wessen wat ma net gefällt ? Foto ass miserabel an da Bildqualiteit, Detailer sen extreems verwescht, mee dat schengs Du net ze mieken oder wouer wellen ze hun op dengem Ecran oder ? Belichtung ass och bizzare an de Frawen..., Foto ass einfach schlecht, mengen dat ass awa net schweier selwer ze gesin oder ?
Dat ass halt meng Meenung !


ornitho 22.05.2016 - 00:11
Du mees Desch elo hei selwer lächerlech an demste elo hei meng Foto wells schlecht Deurstellen an demste dommader dain net Kennen verstoppen wells...Applaus, do brauch en sech iwer Ironie dann och net ze wonneren !



Paul-H 22.05.2016 - 00:22
"Ich will keine fremden Götter neben mir haben"
Raypics 22.05.2016 - 09:04
Dier hudd ierch lo allenzwee heischgeschaukelt mee denken dass een daat bei engem Beier sollt klären an net heiclosed_eye
Ech verstin ob alle Fall dem Ornitho seng Kritik. Deng Foto as fier mech absolut net scharf, zevill gekroppt fier den heigen Iso an et fehlen sämtleg Detailer. Oder hues de iergend en Filter driwwer geluecht deen deen Effekt erzeugt? Ech schreiwen daat ganzt lo ouni wellen oueleg and Feier ze schedden.
ornitho 22.05.2016 - 12:25
Merci vir Dain Kommentar, an och flott daste hei Deng Neutral Meenung dozou gin heus wat weist dass Ech naischt un den Aen hun smile
Paul-H 22.05.2016 - 13:56
Wéi d'Bild enstaan ass hun ech jo direkt erklärt. Dass bei 12800 ISO keng top Qualitéit raus kennt ass kloer. Natirlech ass se entrauscht, mee besonnesch am Gras gesäit een den héichen ISO nach gudd. Daat war mir awer egal well et mäin éischten Reiher ass deen ech sou no erwescht hun, leider enner schlechten Lichtbedingungen. Ech hun mir Méi gin daat bescht raus ze huelen. Anscheinend ass se awer net gudd genuch fir déi bei deenen d'Laat (berechtecherweis) méi héich läit. Daat helleft mir dann meng eegen Laat bei sou Motiver och méi héich ze leen. Ech hun jo réischt virun 2-3 Méint ugefaangen mech mat sou Déieren ze beschäftegen a kann vleit nach net sou gudd beurdeelen waat eng "gudd" Déierenfoto ass, sou wéi ech daat bei aaneren Motiver kann.
Meng éischt Reaktiounen waren vleit e bessen iwerdriwen, allerdings stin ech derzou well ech der Meenung sin dass d'Kritik och hätt kennen aanescht formuléiert gin.
Ech bleiwen och derbäi dass hei oft zevill "technesch" Kritiken kommen, an d'Austrahlung vun engem Bild disregardéiert gett.
Ech gin ze bedenken dass des Foto op menger perséinlecher FB Säit 70 likes kruut (enner aanerem och vu Leit déi hei op PG sin mee déi sech lo no deser Diskussioun hei net méi trauen nach ze kommentéieren). Daat ass fir meng Verhältnisser mega vill, normalerweis kréien ech der sou ca. 20-30 fir eng duerchschnettlech gudd Foto. D'Unzuel vun den likes op FB steet jo am direkten Zesummenhang zu der Unzuel vun den Abonennten an "Frënn".
Daat gett mir ze denken. Ech sen secher dass wann ech des Foto an eng Expo hänken dann ass se ennerhalb der éischter Stonn verkaaf. Och wann den ornitho se an de Bak géif geheien. Dofir froen ech mech: Maachen mir Fotoen déi dem allgemengen Publikum gefaalen sollen oder maachen mir just Fotoen fir hei, fir just enner eis kennen iwer technesch Detailer ze fachsimpelen. Kappselen mir eis do net zevill oof, respektiv schaafen mir eis sou net zevill eist eegent Bild vun enger "gudder" Foto?
Raypics 22.05.2016 - 15:09
Ech verstin waats de wells soen mee du hues der jo net fier neischt eng iwer 2000€ Kamera kaaf. Domadder wells de jo an kanns de och Topbiller maan. Op engem den Bildopbau gefällt oder net as jo dei eng Sach mee fierun allem muss jo awer mol Bildqualitéit stemmen. Soss huelen mer den Handy rem raus domadder geet et jo dann och. Ech verstin och net weisou een des Foto an der Wochenoofstemmung huet...mee bon ech sin jo selwer nach net laang dobei an geif mech freen wann een mech beleieren keint. Mengen daat guer net oofwertend an hoffen et as lo keen beis.
Paul-H 22.05.2016 - 20:45
Also Canon, Nikon an Konsorten mussen sech waarm undoen wann d'Kameratechnik an den Smartphones sech weider sou rasant entweckelt wéi de Moment. Souvill mol dozou. Des Foto häss de allerdings mat engem Handy (nach) net sou gemaach, och net mat menger D3100 z.B., sou gesin huet eng 2000.-€ Kamera awer nach emmer hir Virdeeler. Trotzdem steet fir mech den Bildopbau nach emmer iwert der Qualitéit.Et ass jo awer daat waat den Knipser (sorry, domadder ass lo net deen gemengt deen hei deen Pseudo benotzt) vum passionéierten Fotograf ennerscheed.
Waat d'Wochenfoto betrefft: Hei hun ech schon villes gesin, d'lescht Woch war e komplett wäisst Bild mat an der Selektioun. Dann kann déi heiten des Woch och mat dran.

Annerer posten hei eng komplett onscharf blo Seibekken oder soss en ondefinéerbaren Brach, do gett dann deeglaang driwer philosophéiert, Kritik traut sech keen, wahrscheinlech well et hei Leit gett déi anscheinend komplett "Narrenfräiheet" hun. Eisereen ass nach net laang genuch derbäi fir deen Status erreecht ze hun. Ech op jidfer Fall nach net, well soss wir des Foto just nemmen geluewt gin. Dann hun ech et zwar léiwer sou. Merci fir all Är comments.
Knipser 22.05.2016 - 22:20
Schued dass hei, leider oft, esou Kommentaren eskaléieren. Ech verstinn den Paul-H, dass hien stolz op seng Foto ass, et huet een jo net oft déi Chance esou een Déier virun Lëns ze kréien. An hien huet probéiert dat bescht aus der Opnahmesituation eraus ze kréien.

Wéi ech se mam Handy gekuckt hat, war meng Reaktioun, schéin Foto. Wann ech se elo um Monitor kucken, verstinn ech och déi aner Kommentaren.

Ech bleiwen awer dobäi dass et een schéint Motiv ass, an verstinn dass de se hei gewisen hues.

Mat der Zäit ginn déi eegen Uspréch, an iwwerhaapt Beuerteelung vun enger Foto méi héich.

Wann ech haut al Fotoen vun mir kucken déi ech super fonnt hunn, an mech gewonnert hunn dass hei kritiséiert ginn ass. Haut géif ech der och dovun läschen.

Jiddefalls Paul-H, looss der Freed un deem schéinen Hobby net huelen, du hues eis jo schonn schéin Saachen hei gewisen.

Ech fannen et ëmmer gutt, wann ech Kommentaren vun den Spezialisten hei kréien, och wann et keen Luef ass, ech mengen vun hinnen kennen mir am beschten léieren.
Paul-H 22.05.2016 - 23:42
Merci fir Däin Kommentar. Wéi ech hei ugefaangen hun kruut ech nach méi hefteg Kommentaren wéi déi hei an ech sen nach emmer matt vill Spaaas derbäi...., also sou Kommentaren geheien mech haut net méi aus de Schlappen, och wann meng Reaktiounen sech vleicht sou liesen.
Ech hun mir awer erlaabt d'Kritik un deser Foto zum Ulass ze huelen e puer fundamental Gedanken iwer eis Passioun nidder ze schreiwen. Fir dass déi jonk/nei oder déi wou réischt drun denken hei hir Fotoen ze weisen net nach méi découragéiert gin wéi se et schon sin wann se sou eppes wéi desen "échange" liesen. Ech hoffen daat war am Interessi vum Club.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 530 Gäscht online