Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

the bench

 
the bench
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.05.2016
  • Gekuckt:
    18795
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/3 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    56 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    660 KB
  • Originaldatum:
    2016:05:18 13:33:26
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86286]
Kommentar vum Fotograf:
Bänk am Centre Pompidou - Metz
Zora 19.05.2016 - 20:20
total gelongenen Kadrage, top closed_eye
jorsch 19.05.2016 - 21:15
Merci Zora.
Wollt hei einfach mol eppes probéieren. Do am Musée kritt ee jo genuch Iddien. smile
gtaddei1 20.05.2016 - 07:47
Des ass einfach gudd
jorsch 20.05.2016 - 17:18
Freet mech dat vun dir ze héieren.
Inspiréiert vun der moderner Konscht ronderem wollt ech eppes ausprobéieren, mee ech weess net op et derwäert war.
Awer Spaass huet et allefall gemaach! smile
gtaddei1 30.05.2016 - 20:24
Ech mengen dass och eng Kulturell Motivatioun do soll sin. Domaden mengen ech ... dass d'bild net fir sech selwer existeieren soll (mechanistesch an kaal) mé am Fong an engem Projekt geheiren soll... deen eng Auso oder soss eppes duerstellen kéint ... Né?
daat ass e bessi an der läschter Zäit (gin ech zou) mäin Effort.
jorsch 30.05.2016 - 21:03
Eng Abettung an e Projet kann eng Ausso verstäerken, hëllt awer gläichzäiteg dem Bild seng Deitungsoffenheet.
Do muss ee wësse wat ee wëllt.
gtaddei1 31.05.2016 - 12:41
E Bild alleng verleirt sech oft ... awer et bleiwt super an enger art Serie dei jo net limiteierend misst sin...
Ech gesin dass awer emmer mei Projet'en d'Modern Fotographie ausmaachen... Spontan , enzel Fotoen gin der Miliarden / Daag produziert
jorsch 31.05.2016 - 19:20
Ech mengen du hues Recht.
Ech froe mech och heiansdo firwat een nach Fotoen ( z. Bsp Landschaftsbiller, Makro, Reesbiller ... ) maache soll wou all Sujet schonn Millioune mol an a besserer Qualitéit um Internet an a Bicher ze fannen ass. Firwat z. Bsp. an Island fueren, deng Biller ginn dach nëmmen "gehobene Touristenklasse". Bon du has de Spaass se selwer ze maachen, d'Naturerliefnes an de Souvenir. Awer Konscht ass dat net.
Villäicht mécht e gutt Bild aus wann et eng Geschicht erzielt, e Gefill vermëttelt, e Message huet? Mee firwat rüste mir dann technesch esou op, dofir brauch een net vill Material. A geet dat duer fir datt e Bild scho Konscht ass? Wou ass d'Grenz vun der Dokumentation zur Konscht? Wéini ass e Fotograf e Kënschtler, et geet sécher net duer datt hien dat mengt. smile
Duerfir ginn ech gären a Muséen fir mol ze kucken wat do als modern Foto-Konscht präsentéiert gëtt. Ech hunn duerno meeschtens méi Froe wéi Äntwerten. smile

P.S.: Merci fir de Fav. Bei dësem Bild huet dat mer wierklech Freed gemaach!
gtaddei1 01.06.2016 - 18:16
Jo daat ass och meng analyse vun mengen läschten 12 Méint...
Mé Irland, Island,Norwegen Schottland etc ... setzen dech all Moment an enger Visueller KREATIVITEIT wouste de oft daat waatste am gangen bass ze kucken op emool tranzendeierst, fir eben dann deng Gefiller mei ze erliewen... an ech mengen gerad daat misst d'Bild ausmaachen ... an daat ass dann recherche ... eng villeicht artistesch kreativiteit? wou all bild dei enzel geknippst ass an engem freien Konzept eranpasst vun Foto an Gefill ausdrock... aneschters ass et effektivement Tourismus ... firwaat och net ... gin ganz ganz gaeren op naturplatzen!

Enfin... ech sichen daat Gespeich elei ze vermettelen mat Owenter...

soirée du jeudi 2 juin 2016
Au ciné "le foyer" à Habay-la-Vieille place St Etienne.
HDR Fotographie
wannste Zait kriss .. smile
ornitho 21.05.2016 - 23:12
Ganz flott Jorsch !
jorsch 22.05.2016 - 17:38
Merci ornitho!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 313 Gäscht online