Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aal-Staadt

 
Aal-Staadt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.04.2016
  • Gekuckt:
    17361
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/6 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1997x940
  • Späicherplaz:
    681 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:29 21:58:08
  • Fotoapparat:
    NIKON D5100
  • Programm:
    Unknown: 0
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86115]
Kommentar vum Fotograf:
Vue vun der Aal-Staadt, vum Fort Obergrünewald aus geholl. Eischte Versuch mam Stativ
Paul-H 28.04.2016 - 11:40
Uiii, do ass der anscheinend de Stitching derniewt gerooden wann ech daat Gebei ennen lènks am Bild kukken.
Firwaat ISO 3200 wanns de schon mat Stativ schaffs ? Du kanns jo um Stativ méi laang beliichten an dann den ISO roof setzen.
Soss zwar eng schéin Vue.
Geminus 02.05.2016 - 07:39
Dat do as eng eenzeg Foto, dat Gebei enne lenks sin der un sech dräi, dofier gesäit dat esou aus. An wei gesoot, erster Versuch, fier ze kucken, wei d'Resultat gett...dei nächst gett besser
Paul-H 02.05.2016 - 13:07
Oh, dann awer e groussen sorry, mir ass et virkomm wéi wann do den stitching versoot hätt...., sou kann een sech och iiren.
Geminus 02.05.2016 - 17:17
Keen Thema, d'Gebei as jo och zimlech kleng op der Foto!
Paul-H 02.05.2016 - 20:32
P.S. Versich mol bei der nächster méi eng kleng Blend, sou 13 bis 16, dann kriss de e schéinen Stäreneffekt bei d'Luuchten. Mee do muss de dann nach méi laang belichten waat jo awer wéi gesoot um Stativ keen Problem ass.
Pit 29.04.2016 - 18:59
Eng flott Vue, mee do kann een méi eraushuelen. Manner ISO (brauchs jo souwisou en Stativ), d'Kranen kann een och ewegstempelen, ass och net schwéier, well se an den Himmel rop ginn, ouni vill aner Sachen ze touchéieren. Mat der flotter Beliichtung, wär aus engem RAW oder engem HDR hei villes dran.
Geminus 02.05.2016 - 07:37
Jo, dat do war mol en eischten Versuch. Ech sin mat dem Cadrage och net ganz zefridden. Dei nächst Variant gett wuel eng Panorama, wou ech mei no un d'Staat runzoomen kann.
jaya-the-cat 02.05.2016 - 11:30
Ech hunn eng Fro: Firwaat Kranen ewech stempelen? Ech fannen eng Foto ass ëmmer eng Momentobnahm. An wanns de am Moment Staat fotografeiers hues de immens vil Kranen (baal egal wat fir eng Perspektivs de sichen gees). Dat heescht also: 2016 get an der Stadt geschafft... Lo stell der mol fir an 50 Joer kuckt een zwou Fotoen - eng wou all Kranen ewech gestempelt sinn an eng wou se drob sinn - an gläichzäiteg liest en och nach en Artikel (vun haut) wou Geschäftsleit sech iwwert déi vill Chantieren beschweieren... Wat ass wuehl deem seng Schlussfolgerung? Meng wär: Dei Foto ouni Kranen ass falsch dateiert... Bon duerch mäin Beruf gesinn ech d'Saachen wahrscheinlech aanescht, wéi vill Leit. Mä och wann eppes am PS keen Probleem ze maachen ass, ass et net onbedengt ëmme gudd... My humble opinion...
Paul-H 02.05.2016 - 13:17
Aaah, doriwer kéint een lo éiweg diskutéieren. Eigntlech hues Du Recht..., wann een et dokumentaresch gesäit. Ech perséinlech stempelen och vill manner wéi nach virun een, zwee Joer. Allerdings, wann eppes ganz krass stéiert dann stempelen ech nach. Den Kran deen nach virun kurzem um Fëschmaart (eng gefillten Éiwegkeet) stung deen huet engem zwar baal all Foto sou richteg verhonnst. Do hun ech dann versicht sou se cadréieren dass en net drop komm ass oder ech hun en och wech gemaach. Bei deser hätt ech perséinlech versicht just deen gréissten wech ze stempelen, mech stéieren déi aaner lo net sou vill.
Souwisou, et huet een an all gréisser Staat Kranen, ech z.B. sen méi oft zu London ennerwee, wann ech do misst all Kran wech huelen wir ech éiweg amgaang.
jaya-the-cat 02.05.2016 - 13:45
Hunn elo mol nach eng Keier iwwerluecht. Et hängt wahrscheinlech vum Ziel of dass de wells ereechen. E Choix teschend: "ech maachen eng Momentobnahm" oder "ech well dei schéinsten Foto"... Also wanns de wells eng Postkaart maachen setzt de den PS esou vill wéi et geet an Sënn mescht an. Wanns de un engem Zäitdokument interesseiert bass, dann wahrscheinlech manner (also zumindest net fir "Verfälschungen" ze maachen smile)

Hat mech e besschen un der pauschal Ausso gesteiert fir Kranen ze stempelen. "Les gouts et le couleurs" eben...

Paul-H 02.05.2016 - 13:55
Jo, gesin daat och sou. Et muss een en Ennerscheed teschent Doku an enger "schéiner Foto" maachen.
Pit 02.05.2016 - 14:02
Wann een natiirlech well weisen, dat an der Staat geschafft gouf, jo keen Problem, ech denken awer net, dat daat mat deser Foto dokumentéiert sollt ginn. Op aalen Postkaarten aus der Staat sinn bal nie Leit ze gesinn, well bewosst mat laangen Beliichtungen (mat Grofilter) geschaft gouf, fir eben déi Leit esou net mat op Bild ze kréien. Mee wéi gesoot, et hàngt dovunner of, wat een well duerstellen.
Paul-H 02.05.2016 - 14:25
Hmm, jo, mee daat mat den Leit gesin ech awer e bessen aanescht: Eng Staat ouni Leit ass eng eng Staat ouni Liewen. Mir géif et z.B. nie afaalen d'Leit op der Plëss oder um Knuedler auszeblennen.
Authentesch wir dann awer rem eng Nuetsopnaam vun der Plëss ouni Leit drop, géif do just een mir duerch d'Bild laafen géif ech deen dann och versichen ze verstoppen.
Pit 02.05.2016 - 14:36
Tjo, mee fréier hunn se sou geschafft, sie wollten eben Place de Metz, Gare asw. mat sou wéineg wéi meigelech Leit weisen. Déi goufen dann och nach oft coloréiert. Mee deemols war et wahrscheinlech fir Fotografen eng Erausfouderung sou Spillereien hin ze kréien.
jaya-the-cat 02.05.2016 - 14:36
Och dozu e klenge Pefferkär: En Rees-/Zeitungsartikel vun enger Staad mat Fotoen wou keng Leit drobs sinn, dat gesäis de wahrscheinlech kaum. An enger Architekturzeitung, déi der well d'Scheinheet vun de Gebäier weisen, sinn Leit wahrscheinlech net drobs... Och do alt nees: Wat well ech mat der Foto maachen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 485 Gäscht online