Also fir dass Du der nach net souvill gemaach hues ass déi schon ganz schéin gin. Besonnesch daat hell belichten Trappenhaus ass flott. Déi "laang" Stären stéieren e bessen mee sen net ze vermeiden ausser natirlech du gees mam ISO rop an mat der Beliichtungszäit roof. Oder méi eng grouss Blend, do gewenns de och nach un Zäit. Denken dass f11 hei vleit net onbedingt néideg gewiescht wir ?
Et ass mol naischt ausgefriess, dat ass schons mol gudd an Bild ass schéin ausgeliicht. 61 Sec ass schons zimlech laang, dofir sinn dann och Stären längelslech ginn. Wanns de do mat f8 oder f5,6 schaffs, dann misst dat bei dem Weitwenkel och nach duer goen, an dann get deng Zait mei kurz.
Beliichtung fannen ech gutt! Ech wees elo net op vielleicht Méiglechkeet bestaan hätt fir e bessen méi weit ewesch ze goen an se dann ze croppen, dass se net grad esou stark no hannen kippt. (Ass just eng Idee )