2X en decke merci Jacques, ech hun de Victor e bësschen anescht cadréiert, mee wann's Du mir nach e puer Tipps kéints gin, wär ech frou. De Victor ass villäicht photogen, mee dat interesséiert hien net, huet keng Loscht op modelen. A black is beautiful, awer net esou einfach
Ech gesin elo dass du déi Streif am Hannergrond gestempelt hues an seng Oueren sin elo e bessen gechnidden.
Déi 1. Versioun huet mer perséinlech besser gefall,obschon dess och net schlecht ass
Ech fannen Schärft gudd an och den Kontrast an denger Foto.
An sie setzen sech jo net dohin wous du wells fir eng Foto ze machen
Du kéinst vielleicht nach probéieren déi Streif op der 1.Versioun ze stempelen.
Ech hat dat probéiert Jacques, ech sin net grad e Spezi an der Bea, me hun et wengst deem Hoer net propper hi kritt, dofir hun ech se geschnidden, ech wees, esou ass et och net perfekt, mee et fällt net esou op
Merci marker, jo, am Kino an am Fernseh sin d'Käp och ganz oft ugeschnidden, do schéint dat ziemlech usus ze sin, an dem Victor säin Dousenöffner heescht Victoria ( Meeschter därf ee bei enger Kaz jo net soen)