Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

piazzetta

 
piazzetta
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.08.2006
  • Gekuckt:
    17500
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    471 KB
  • Originaldatum:
    23.07.2006
  • Fotoapparat:
    DYNAX 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:
Konica Minolta 18-70mm 1:3.5(22) - 5.6D + B+W 55E KR1,5 1,1x

Fir anzesetzen: [pg_img=8555]
Kommentar vum Fotograf:
Et woar emol eng kleng Plaaz bei klengen Leit mat klengen Saachen di se nach hun missten maachen.

Et gouf héich Zäit dat och di grouss Leit di kleng Plaaz ouni grouss ze sichen séier fannen missten kennen.

Et goung esou séier, vill ze schetzeg, Zäit fir z'Iessen, net mi raumen, schon fort hun se missten rennen.

Ass net esou schlemm, et wees een jo elo an gesäit gudd dat och kleng Leit grouss Saachen kenne maachen
Naturknipser 01.08.2006 - 18:12
hey gefällt mer och ganz gut, hues de lott gesinn an déi waarm Faarwen gin dem Bild e richteg Südlänneschen Flair :o)
elmuzo 02.08.2006 - 09:38
Merci Gerry, arrivederci closed_eye
Nicon07 11.08.2006 - 00:20
Esou eng Vakanz bréngt och Nodeeler, wann een Säiten a Säite photogen.lu muss durchforsten, well ee 14 Deeg net zu Land war. Mais Gott sei Dank fënnt een dach di eng oder aaner Pärel. Besonnesch mat engem Romaner schreiwenden a Wäin aus dem Keller huëlenden Arsenabschiedsdreemer, deen an dem Land vun de Raggazzi an de bella Donna (ech weess dat dat net de Pluriel as, mais et goung mer méi em Nachtschattengewächser hei op dëser Plaaz) e puer Dammenennerw.... houscht!! op enger Léngt, déi ze héich hänktn wëllt fotograféieren, an di Liëder him dobäi awer net di richteg Déngschter leescht. Soit. Et geet jo am Fong em den Ton in Ton. Et muss ee éch just froë, wat fir eng Fraude dann op der Plaaz do gemaach get. Dat Motiv do as op alle Fall ganz gudd gesin a schéin an Szen gesaat. Dat as alt erem een onverkennbaren elmuzo. Schéin.
elmuzo 11.08.2006 - 20:16
Haha, Nico, ech gesin du hues mech, genee esou wéi den Mogway an den yoshi, voll duerchkuckt. Vu dat ech jo vun esou enger poetescher Oder ugedriwen keng 'Plaaz' méi haat fir ze schreiwen wou dat woar huelen ech dat hei no: Di Piazzetta do fennt een zu Albenga, eng vun den leider wéinegen Stied op der ligurescher Küst, déi hiir Authentizitéit net huet missten wéngst iergendwelchen skrupellosen Promoteuren abéissen. Dofir kann ech soen dat deen klengen Ausschnett den ech hei op Photogen présentéiren am Fong ganz gudd den härrlechen Flair vun der ganzer Stad erem gett. Merci fir deng opmonternd Wieder an nach vill Spaass beim Zesummensichen an Prétonguearéiren vun der exzellenter Atlantikküstpostkuartenserie.(schmunzel)
Nicon07 11.08.2006 - 20:35
As déi Serie esou gudd, datt dir d'Wiëder derzou feelen? closed_eye)) Ech warden op witzeg Inter prestatiounen derzou. Read you later.
elmuzo 11.08.2006 - 20:39
Nee d'Wieder net, awer d'Zäit.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 438 Gäscht online