Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

white forest (1)

 
white forest (1)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.01.2016
  • Gekuckt:
    13689
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    333 KB
  • Originaldatum:
    2016:01:16 10:50:15
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=85392]
Kommentar vum Fotograf:
Kameraschwenk am Schnéi
gtaddei1 17.01.2016 - 22:00
en grez zefill Abstrakt... firwaat net ... ech persienlech haett villeicht e bessi mei Detail dran gesaat
Awer de Stil ass Flott ... High Key mé ...
jorsch 18.01.2016 - 11:42
Et war en Experiment:
Ech wollt probéieren, den absolute Minimum ze benotzen fir d'Stëmmung vun engem verschneite Wee am Bësch erëmzeginn.
Problematesch ass et awer fir ze wëssen, ob di puer Elementer duerginn fir d'Bild ze verstoen, fir sech erëmzefannen.
Oder: Wou ass d'Grenz, wou d'Abstraktioun onverständlech gëtt a kee Sënn méi mecht? Mee villäicht ass déi Grenz ganz subjektiv, fir jiddereen aanescht.
gtaddei1 18.01.2016 - 23:48
ah jo kloer ass d'Subjektiviteit net eng Rigid Definitioun...
Eng dérealisatioun ass super , d'abstraktioun ass och fantastesch... mé et waer dann mei approprieiert an enger mini-Serie... dei den ganzen Konzept besser geif zu geltung brengen...

Ewei et eriwer kennt ass jo manifest waanste d'Komments liest... Et ass jo gudd dasste deng perseinlechkeet an denger Bille brengst .. mé an denger platz geif ech awer villeicht progressiv an eng destrukturatioun vum Bild erfier goen ... esou ass dé-réalisatioun mei verstandlech...

Et ass jo net dass et net gefaellt ... et ass eng Diskussioun
jorsch 19.01.2016 - 07:50
Du hues Recht: D'Abstraktioun kann nëmmen d'Resutat vun engem laange Wee sinn, soss ass se net credibel.
Ech wollt hei just eppes ausprobéieren, ouni Pretentiounen.
gtaddei1 19.01.2016 - 21:43
ma et ass reusseiert geif ech soen... du kenns dat gudd an mat villen equilibre... daat no menger Ménung
Merci gesot
Maimonides 18.01.2016 - 00:27
Kee ka soën
dass des Foto
egal wat ass, jorsch,
well iwerluecht ass se.

Quadratisch elegant,
diskret einfach
komplizéiert
wéi een japanische Buchstaw.

Mir gefällt se super.
jorsch 18.01.2016 - 11:48
Villmools Merci, Maimonides, fir däi flotte Kommentar an däi Fav.
Et freet mech wanns du mat dësem Bild eppes ufänke kanns an wann dat Bëssen deng Fantasi ureegt.
( Kuck och meng Äntwert beim gtaddei1. )
Zora 18.01.2016 - 07:33
Et geseit aus wei an engem schlechten Albdraam, wann se lo nach méi düster wär.......smile
jorsch 18.01.2016 - 11:49
Merci Zora.
En Tipp extra fir dech: Invertéier d'Bild a säin Negativ, da gëtt et ganz düster! smile

( Kuck och meng Äntwert beim gtaddei1 )
Zora 19.01.2016 - 17:16
hat elo just aus menger Sicht geschwaat, wees jo wéi ech sin, fir dech ass Bild genau esou wéi et soll sin closed_eye
jorsch 19.01.2016 - 17:48
Hunn et ausprobéiert: Gesäit dann aus wéi en ënnerbeliichtend Roentgenbild: Düster, düster! smile
Zora 19.01.2016 - 18:05
gleewen ech closed_eye
Pit 18.01.2016 - 13:04
Interessant, sinn dat Schinnen um Buedem..??
jorsch 18.01.2016 - 14:28
Nee, sinn d'Spure vun engem Wee am Bësch! smile
Pit 18.01.2016 - 22:36
Ech denken emmer direkt un Schinnen smile
marker 19.01.2016 - 16:31
..richteg gutt jorsch, effektiv..!!
jorsch 19.01.2016 - 17:49
... ma dat freet mech wann et dir gefält. Dat ass jo hei net esou evident! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 627 Gäscht online