Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Luxgsm Trophy - Night Glow

 
Luxgsm Trophy - Night Glow
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.07.2006
  • Gekuckt:
    29235
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/3,5
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    502x777
  • Späicherplaz:
    259 KB
  • Originaldatum:
    29. Juli 2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=8461]
Kommentar vum Fotograf:
Luxgsm Trophy 2006,
ech reegen mech all Kéier rem op wann ech iergentwou Friedefeier fotograféieren, well ech emmer réicht déi letzt puer Minutten rausfannen waat ech um Fotoapparat astellen muss :D

Hun nawell zimmlech vill Fotoen do gemaa, daat hei ass lo déi di mir bis well am beschten gefällt - waat haal dir derfun?
-Laurent- 30.07.2006 - 12:51
fannen daat deierchen do zwar brilliant !
einfach obergeil foto haett fleit ennen en ganz bessi ofgeschnidden datt ett nach mei symetresch erschengt mee dei foto ass einfach genial !
obergeil

kinnt mech lo schon rennen datt ech keng loscht haat dohin ze goen ...
9/10

einfach genial !
Minaa 30.07.2006 - 13:17
Uah Merci! smile

Jo ech haat och net wierklech Loscht dohinner ze goen, mee hu mer dun awer geduecht daat et mer duerno géing leed doen wann ech all déi Fotoen am Internet ging gesinn an net dogeweest wier, 't war d'letzt Joer nämlech och well sou closed_eye
-Laurent- 30.07.2006 - 13:40
hmm jo naja wunnen jo hei an dem kouduerf dikkrech an wier zwar mam bus dohinner komm mee dann reicht um 5 auer rem heem ...
öffentlechen transport rocks ...

naja dir wunnt all zu iechternach cool
ass jo eng heichbuerg vun der photographie smile
Minaa 30.07.2006 - 13:44
Ech wunnen awer guer net an der Géigend vun Iechternach, wunnen op mannst genau sou weit derfun fort wéi's du bigsmile An wann Dikkrech e Kouduerf ass, dann well ech net wessen waat mein Duerf ass... coolbigsmile

Stemmt, den öffentlechen Transport ass alt soueng Saach ... häss der missen e Chauffeur organiséieren smile
-Laurent- 30.07.2006 - 13:49
freck fouhren
hmm dann kenns de secher den klengen kneipchen em christophe?
an wann ech mech net ganz ieren misst do och nach sou eng famil lorentz hausen hmm
dei hun och mengen ech 2 kanner duerch geigend laafen hmm

naja fannen fouhren obergeil
do kann een sech gudd embrengen andeems een mam velo dohinner fiert
mengem muss mer daat demetten mol rem enkeier undoen
ei daat deet emmer ganz gudd cool

an dann relax iwert haaptstroß heem smile
20 minuten nemmen bierg of aha herrlech
mee eiwech fir rop ...

so mol kennt een do eigentlech och iwert een aneren wee rop wei haaptstroß?
dei kann ech fir rop net leiden

hmm kommen am moment emmer iwer bettel dohinner?
Minaa 30.07.2006 - 14:01
Jo, de Christophe kennen ech, an der Famill Lorentz hir Kanner och ;)
Fouhren ass jo net sou grouss, hei kennt praktesch jiddereen jiddereen bigsmile
Jo wanns de vun hei aus mam Velo op Dikkrech fiers ass angenehm, mee fir vun Dikkrech heihinn ... naja cool

Majo de Rest hun'ch der jo lo am MSN beäntwert smile
coolpix 30.07.2006 - 12:58
Wou stungs du dann do? Do wou ech stung haat ech leider d'ganz Freedefeier lenks derniewend unhappy
Minaa 30.07.2006 - 13:16
Majo ehm, schwéier ze erklären wou ech do stung ... direkt firun dem Gedrénks- an Paaneschstand, rietserhand vun der neier Jugendherberge, sou daat ech d'Insel mat de Loftballoen op menger rietser Säit haat - falls daat der lo weiderhelleft closed_eye
coolpix 30.07.2006 - 14:18
Hm op sou enger Kopp, also sou een klengen Hiwwel? smile
Minaa 30.07.2006 - 14:28
Nee nee, direkt beim Séi, do ass sou eng Mauer wou och vill Leit dropsouzen smile (immens grouss Hellef closed_eye)
coolpix 30.07.2006 - 14:42
aah do wou den Maggele mam Kleent och wor? Wanns de si gesinn hues closed_eye

Das grosse Rätselraten bigsmile (nix scharfen s hei bei mir op der Tasta closed_eye)
Minaa 30.07.2006 - 14:49
Ech wees net wou si stoungen, d'Anouk haat ech duerno just kuerz bei de Providers begéint, kann awer gudd sin daat si a menger Géigend stungen ... do waren souvill Leit, war schwéier do iergenteen ze gesinn deen ee kannt huet closed_eye
Neckel 30.07.2006 - 13:41
Ganz flott Foto closed_eye
Minaa 30.07.2006 - 13:46
Merci smile
-Laurent- 30.07.2006 - 13:43
hmm eigentlech wir ett eng top foto waert
wann dei eischt spigelung och nach sou schein wier wei dei 2 aner
hmm daat ass eigentlech deen eenzegen fehler
Minaa 30.07.2006 - 13:47
Hmm jo... mee déi Spiggelung war sou, wollt do awer lo och nix drun faken closed_eye
-Laurent- 30.07.2006 - 13:50
jo daat ass normal cool

ech muss mol enkeier pobeiren sou eng ganz spigelung ze faelschen hmm
daat gett eng langwierech prozedur ...
NoHa 30.07.2006 - 15:07
wow smile ech hun mech dei ganzen zeit frop gefreet rem fotoen ze gesin vum night glow! dei spiggelung as super, all respekt smile
Minaa 30.07.2006 - 15:16
Merci smile
Kleent 30.07.2006 - 16:55
Ech mengen du stungs perfekt... bei mir ass d'Freedefeier lenks doniewend... wou stungs du? closed_eye
Foto ass flott a propper! :o) Schön!
Ahjo an sry wann ech dech vlaicht erschreckt haat... wees mol net obs de mech erkannt haas closed_eye
Minaa 30.07.2006 - 17:04
Merci smile

Ah ech mengen ech wees wou dir stungt smile Ech stung dann rietserhand vun eech, tescht eis war soueng Plaatz wou keng Mauer laanscht de Séi war wou Leit op Campingstill souzen, ech stung do wou d'Mauer rem ugefaang huet ;) *grouss Hellef*

Nee, erféiert haas de mech net ... haat dech den éischten Moment just net direkt erkannt wells de dein Brell net unhaas bigsmile Hu warscheinlech richteg domm dragekuckt ;)
Kleent 30.07.2006 - 17:29
Ajo richteg... do wollte mer eis och ee Moment stationéiren... mee bemol ware mer emgin vu leit an du sinn mer dobliwwen... smile

Jo, ouni Brell... tongue bessi ongewinnt closed_eye
Knolles 30.07.2006 - 18:27
/removed/
Minaa 30.07.2006 - 19:18
Merci! smile
Oh ech wees zwar net, menger 't sin awer besser Fotoen vum P&T-Ballon gemaa, wou deen alleng drop ass closed_eye
Naturknipser 30.07.2006 - 19:59
neeeee verkaafen :o)))
yoshi 30.07.2006 - 18:54
genial smile schued dass ech dest joer an der vakanz war deen daag, awer besser wei daat hei haett ech et sws net hikritt smile meng vum leschten joer ass och na hei iergentwou op der sait closed_eye kanns jo mol kucken gon. TOP!
Minaa 30.07.2006 - 19:21
War mer se ukucken, stoungs also d'letzt Joer och op der falscher Plaatz (Friedefeier op der lénker Säit) tongue

Merci! smile
yoshi 07.08.2006 - 02:23
usech hun ech dei plaatz ganz flott fonnt, mee bon, dei plaatz deis du hei erwescht hues ass natierlech great smile
wiirmchen 30.07.2006 - 19:13
Super den Foto do, ech hatt leider freedefeier nierft mer an sou net Meiglechkeet alles dropzekreien, leider, top, hues du dei ouni stativ gemat??
Minaa 30.07.2006 - 19:23
Majo, hun daat op denger Foto gesinn smile

Jo, haat leider kee Stativ derbäi ... hu mer geduecht daat vill Leit do wieren an wollt déi net mam Stativ erschloen ;D Hätt mengen ech souwisou net vill dermat kennen ufänken well ech mech de ganzen Zäit iwwert d'Mauer geluecht hun well ech soss d'Schelleren vun aaneren Leit dropkritt hätt.

Merci och smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 451 Gäscht online