Ah bon, ech wosst net datt mir déer hei am Land hätten, déi hu sëcher nach Kaschtgänger doheem, 3 op de Kapp ass schons net schlescht, als Entschädegung kriss de jo dann super Fotoen
Een Tandemfluch (leider one way ticket) mat Forell, hun awer net d'Impressioun dat se den vol appréciéiert, an ech mengen du schon guer net. Ecellent Opnaam
Do gët et lo zwou Méigléchkeeten: Entweder zéien se geschwë weider, an da ka séch däi Frellebestand regeneréieren, oder däi Weier ass sou gudd gefëllt, datt se dee ganze Wanter iwwer hei bleiwen...
Foto ass natirléch Extraklass, bei sou enge Models, wier ee jo inkompetent, wann een dat nët hikréich...
Salut Nico. Leider get et nemmen eng Meiglechkeet an zwar dass den Adler gezwong ass am Wanter an mei warem Länner ze zeihen well en hei bei engem kaalen Wanter erhengeren geif. Den Feschadler ernährt sech nemmen vun Fesch an kann bei zpugefrourenen Seeien oder Weieren net iwwerlierwen. et freet mech dass d'Foto der gefällt.