Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hallgrímskirkja

 
Hallgrímskirkja
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.09.2015
  • Gekuckt:
    48541
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    660 KB
  • Originaldatum:
    2015:07:30 08:43:23
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84391]
Kommentar vum Fotograf:
Hallgrímskirkja ass di gréisste Kierch zu Reykjavik. 1929 geplangt, tëschent 1945 an 1974 gebaut, no Pläng vom Architekt Guðjón Samúelsson.
Si bestécht duerch hier schlicht Konstruktiounsweis aus hëllem Beton.
Die sechseckeg Sailen erënneren un natierlech Basaltsailen.
Zora 14.09.2015 - 18:29
sin elo beschen jalous, mega daat doen
jorsch 15.09.2015 - 21:03
Merci Zora, och fir de Fav.!
D'Wieder war schéin düster, sou wéi mir dat jo gären hunn! smile

Paul-H 14.09.2015 - 18:33
Immens jorsch! De Cadrage ass mega gelongen.
jorsch 15.09.2015 - 21:04
Villmools Merci Paul-H fir däi Kommentar!
mischii 14.09.2015 - 18:40
Eng immens flott Bildgestaltung vun dëser schéiner Kiirch!!!
jorsch 15.09.2015 - 21:08
Merci mischii, fir de Kommentar an de Fav.!
D'Kirch impressionnéiert duerch de resolute Verzicht ob all iwwerflëssegen Dekor a Prunk. Si gefällt duerch hier Einfachheet, hier Offenheet an hier Natierlechkeet .... a passt dofir gutt bei d'Islänner.
MsJarryman 14.09.2015 - 19:36
Eng super Ausschnëtt vun déer Kierch.
jorsch 15.09.2015 - 21:09
Ech hu mech iwwert däi Kommentar an och de Fav. gefreet, MsJarryman. Merci!
galileo 14.09.2015 - 20:03
e Gléck haas du hei kee schéinen bloën Himmel closed_eye - fir d'Foto ass dat hei nämlech vill besser !

Perfekte Cadrage.
jorsch 15.09.2015 - 21:11
D'Gefor an Island e bloen Himmel ze erwëschen hält sech och a Grenzen.
smile
Merci galileo, däi Kommentar huet mech gefreet!
Maimonides 14.09.2015 - 20:28
Eng groussartig Foto, jorsch.
Subtil Einfachheet,
top gewisen.
jorsch 15.09.2015 - 21:17
Déi subtil Einfachheet strahlt eng Gréisst aus déi iwwert all Effekt an all Schäin erhaben ass. Méi treffend kann d'Architektur de Charakter vun der rauer islännescher Landschaft an den Islänner net duerstellen.
Merci fir däi Kommentar an däi Fav.!
mischii 15.09.2015 - 22:46
stëmmt, an den Intérieur ass grad esou faszinant einfach, an och esou schéin hell.
Wéi ech do war huet och nach een Uergel gespillt, do hätt ee kéinte stonnelaang sëtze bleiwen
Miau 14.09.2015 - 20:29
gefällt jorsch..
jorsch 15.09.2015 - 21:17
Merci Miau!
OK-Photography 14.09.2015 - 22:21
wow - minimalistich, mä SOU nach nie gesinn, herrlech Foto vun engem Gebai wat definitiv an een flotten Portfolio gehéiert! closed_eye
NICE ONE!
jorsch 15.09.2015 - 21:18
Et freet mech wann d'Bild dir gefält an och nach e Fav. vun dir verdingt huet! Merci!
FraSi 15.09.2015 - 20:21
Herrliche Architektur, wundervoll ins Format gebracht! Auch in der fast momochromen Darstellung toll in der Wirkung!
jorsch 15.09.2015 - 21:19
Danke Frasi. Es freut mich sehr wenn dir mein Ausschnitt dieser beeindruckenden Kirche dir gefällt!
jorsch 17.09.2015 - 14:30
... und jetzt: Danke für den Fav.!
Miau 16.09.2015 - 08:49
https://www.youtube.com/watch?v=1LIcBfVros0
jorsch 16.09.2015 - 10:41
Merci Miau.
Flott Musék, an di Sailen erënnere wierklech och un eng Pan-Flütt.
Silex 16.09.2015 - 13:32
Gefällt mir ausseruerdentlech gudd!

Dat Grot vum Himmel dat sech an der Architektur eremfënnt; de soignéierten Cadrage an déi geometresch Formen vun der Kierch déi am Kontrast zum wëllen Himmel stin; déi vertikal vs horizontal Linnen vum Gebai a vum Himmel. Onprätentieiss mee awer voller Kraft.
Bravo!
jorsch 17.09.2015 - 14:30
Merci Silex. Hu mech vill iwwert däi Kommentar an däi Fav. gefreet!
Conley 17.09.2015 - 23:51
Hmm.....do ass jo schonn eigentlech alles geschriwwen ginn wat een kéint bei déi Foto schreiwen! Ech kucken se dann awer Néidesch! An Respektvoll! An mat enger ganz klenger Kritik! Wat mir nach ganz gutt gefält sinn déi kleng awer siichtbar minimalistesch Detailer (wat och ëmmer dat ass) an deenen rechteckegen dräi Fënsteren do gesäit, dat mécht Foto di souwisou ganz schéin ass nach e bëssen besonnesch. Wat geschitt do do Bannen? En klengen Detail wat Foto méi lieweg mëscht (deen Ausdrock Interessant well jo eigentlech keen Fotograf bei sengen Fotoen léisen géing awer hei Passen!) Kritik bezitt sech op di grouss Fënster. Op do een Ofschloss net ugeschnidden méiglech wier?
jorsch 18.09.2015 - 13:52
Merci Conley, fir deng Analys an deng Iwwerleeungen zum Bild. Sinn ëmmer frou iwwert deng detailléiert Kommentarer!
1) Di Detailer an de klenge Fënstere wollt ech ee Moment och ewechbotzen, hunn et dunn awer si gelooss. Genau wéi s du et sees si si interessant: Wat ass do hannert de Fënsteren?
2) Di grouss Fënster konnt ech ënnen net aanescht cadréieren well direkt ënnert der Fënster kënnt d'viischt Dier. Si hunn eng gemeinsam "Rumm" a si sinn nëmmen knapp getrennt.
P.S.: Merci och fir de Fav.!
Pit 21.09.2015 - 07:17
Einfach eng Mega Perspektiv.
MsJarryman 21.09.2015 - 09:10
Gratulatioun, wuel verdéngt smile
Zora 21.09.2015 - 09:25
Gratuléieren fir dei super Fotoclosed_eye
jps 21.09.2015 - 12:49
Gratulatioun fir déi verdengten Wochefoto Georges
pixelman 21.09.2015 - 12:51
Gratuléieren, verdingt d'Foto vun der Woch !
Maimonides 21.09.2015 - 20:30
Félicitations, jorsch !
jorsch 21.09.2015 - 21:54
Villmools Merci fir déi vill léif Kommentarer!
Et huet mer Freed gemaach datt dës d'Foto déi extra Stëmmung vum Gebai an dem Wieder op der Plaz e bësse vermëttele konnt!
gtaddei1 27.09.2015 - 12:24
waat waer des fir en Bild gewiecht mat Langer Expo...
Super des och
jorsch 27.09.2015 - 20:31
Hues Recht, mee ech wollt den Stativ net mat duerch d'Stat schleefen. Hätt ech gewosst ...

Merci fir de Kommentar!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 249 Gäscht online