Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Een Dram!

 
Een Dram!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.08.2015
  • Gekuckt:
    14291
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    85/10 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    23 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    1.67 EV
  • Gréisst:
    1650x1100
  • Späicherplaz:
    718 KB
  • Originaldatum:
    2015:06:27 02:51:20
  • Fotoapparat:
    X100S
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84106]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Infrarout Opnahm mat mengem Alen awer zouverlässegem Qashqai!
Jeanny 23.08.2015 - 06:35
Wanter am Summer smile gefällt mir ganz gutt
Conley 23.08.2015 - 21:04
Dee kennt méi séier wéi ech mir e Wënschen unhappy Merci Jeanny!
Jeanny 24.08.2015 - 06:46
Du sees et, wat e mei aal gett, wat e mengt Zait giff mei seier vergoensmile
Conley 25.08.2015 - 20:46
Just.....leider nach net am Büro! unhappy
NikonD80 23.08.2015 - 09:13
flotten Effet mam infrarout, gefält mir
Conley 23.08.2015 - 21:05
Freed mech, an Merci NikonD80!
gtaddei1 23.08.2015 - 20:27
gefaellt mé wees net ewei et geet
Conley 23.08.2015 - 21:00
Dat wonnert mech awer lo een bëssen. Hei dann e Beispill. An Merci gesot!
http://www.spotcatch.net/foto-blog/2012/technik/262-infrarotfotografie-anleitung-tutorial
gtaddei1 24.08.2015 - 15:11
merci fir den Tipp ...
an ... wees mool net ewei eng Makro gemeet get... unhappy
Conley 24.08.2015 - 16:07
bigsmile bigsmile
MsJarryman 25.08.2015 - 09:39
Ëmmer erëm interessant déi IR Biller.
Conley 25.08.2015 - 20:55
Du sees et, sinn schonn amgaangen ze iwwerleeën op et dowärt ass den IR Spär - Filter aus enger Kamera eraus bauen ze loossen. Merci fir däin Interesse!
MsJarryman 25.08.2015 - 23:12
Ech hun eng Sony 828, mat Nightshot, du hues mäin Interessi nees lancéiert, do gët et en Hack mat engem Magnéit, hun haut probéiert, mee et huet net geklappt. Ech losse mir dat näischt kaschten, meng 828 war fir mech eng super Kamera, an ech probéieren hier vielläicht mat IR e neit Liewen anzehauchen.
Conley 26.08.2015 - 09:39
Mach dat MsJarryman!
Ech hat dat heiten gelies. http://www.heise.de/foto/artikel/Sony-F828-Infrarot-Hack-2466738.html
Mir fehlen do leider een pur Megapixelen. Kascht bei Amazon nach 239€. Sigma SD1 néi 849€ huet 46 Megapixel an kann een nach selwer embauen. An ech hunn jo keen aneren Hobby. closed_eye
MsJarryman 26.08.2015 - 12:35
Hun dat och gelies, ech muss mat engem aneren Magnéit probéieren, dee war villäicht ze schwach. Et wär natierlech flott, wann ech dat géif hikréien oni mussen ze investéieren.
Wat fir een IR Filter benotz Du, deen Hoya R72 soll net schlescht sin.
Ech hun déi Sigma SD1 emol studéiert, gëtt jo vill gelueft, an de Präis ass méi wéi OK, et muss ee sech trauen dru kniwwelen ze goen, well dann ass d'Garantie och futsch smile
Just 46 Megapixel, do kritt de Rechner schnell den Houscht smile
Conley 26.08.2015 - 20:59
Foto ass mat deem Filter gemaach ginn, sinn ganz zefridden! Do géing ech op keen Fall Spuren! closed_eye E léist nach e bëssen normaalt Liicht duerch wann's de nach esou eng Aart falsch Faarwen Foto wëlls maachen. Sigma ass net op Schnellegkeet an héich isoen getrimmt awer op Bildqualitéit! Se huet awer leider keen live-view. unhappy De Filter ass vun Sigma extra fir IR Fotoen ze maachen esou agebaut ginn , dass een liicht eraus ze houlen ass. De Pc hunn ech schonn fir D800 missen wiesselen. closed_eye
MsJarryman 27.08.2015 - 15:19
Merci fir Deng Info, sin dann emol gespaant, wat nach an déi Richtung vun Dir kënnt smile
Conley 27.08.2015 - 23:23
Ech sinn selwer gespaant, an net ëmmer zouversiichtlech awer....Hoffnung stierft jo fir't läscht. An op ginn, och wann et villäicht laang dauert maachen ech net! Hoffen dass de deen richtegen Magnéit fënns well méi einfach geet et mat denger Kamera jo net! Uspriechend Motiver an déi néideg Luucht ze fannen, dat ass dann erëm eng aner Saach. Vill Gléck och fir dech beim sichen ! smile
jorsch 26.08.2015 - 09:58
E ganz flotten Effekt.
Besonnesch d'Beweeegungsonschäerft an de Beem gefält mer ganz gutt, e bësse wéi Wellen am Bliedermier.

Ech hu keng extra Bezéiung zu Autoen an dofir kéint dee fir mech och um Bild fehlen, awer da ass ganz perséinlech. smile
Conley 26.08.2015 - 21:23
Beweeegungsonschäerft mam Effekt mech eréischt verdreemt heet. Gefält mir an dësem Fall och ganz gutt, well ausser de Bamstämm och nach eppes aneschtes méi opfalend Statesch ass. Leider war et nëmmen méin Auto. Hätt mir ganz gären eppes méi schéines Interessantes gewënscht!
Merci fir deng Meenung zum Bild jorsch! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 454 Gäscht online