Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

two birds

 
two birds
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2015
  • Gekuckt:
    28612
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    40mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    +0,7 EV
  • Gréisst:
    666x1002
  • Späicherplaz:
    473 KB
  • Originaldatum:
    Juli 2013
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83998]
Kommentar vum Fotograf:
...op engem niwwelege Moien am Tessin
Zora 14.08.2015 - 11:25
flott Géigend, daat ass déi Rouh vun där ech geschwaat hun, schéinclosed_eye
marker 14.08.2015 - 12:23
..d'Géigend ass ganz flott, awer wann d'Touristen bis Kaffi gedronk hun ass ët och hei färdeg mat der Rouh.
..meeschtens ass dann déi eemoleg Moiesstëmmung eriwwer an ech hu meng Biller an der Këscht, an da kënnen sie gären hier Vakanzebillercher machen closed_eye
Merci Zora.
Pit 14.08.2015 - 12:04
Déi Rouh kennt am SW besonnech gudd eriwer.
marker 14.08.2015 - 12:26
Merci Pit, mäis wéi gesot, ...bis d'Touristen opdauchen.. closed_eye
gemu 14.08.2015 - 14:21
Excellent di doten, typesch Lago-Maggiore-Stëmmung
marker 15.08.2015 - 16:50
..jop, richteg erkannt, ..an ech hun déi '' typesch Lago-Maggiore-Stëmmung'' richteg gären.
Merci Georges.
Maimonides 14.08.2015 - 23:19
Ce fond, marker,
peut-être nuages,
peut-être montagnes,
décline ce qui nage,
surtout.

Les " two birds "
ne volent même pas
mais coiffent leurs plumes
sur les artifices humains.
En toute sérénité.

https://www.youtube.com/watch?v=rRk8myzNaFg

marker 15.08.2015 - 16:55
..ganz schéi beschriwwen, a genau esou, en toute sérénité hun ech e puer Deeg dohannen verbruecht.
Merci Maimonides.
Conley 15.08.2015 - 00:21
Déi degradéiert Niwweleg Stëmmung an de Bierger an an de Wolleken mat dem gutt beliichten Potto fannen ech ganz gutt!! Wat ech mech awer froen (do sinn ech mir awer selwer net sécher) op di Schwaart Pottoen de Bléck blockéieren oder déi di néidegen Akzent setzen fir eng besser Déiftenwierkung?
marker 15.08.2015 - 17:08
Merci fir deng Appreciatioun an Ausenanersetzung mam Bild Conley.
Fir mech droen déi däischter Pottoen ganz gewëss zu enger besserer Déiftewirkung bäi, mä suergen och hei fir dee néidegen Kontrast am insgesamt ''flaache Bild''.
NikonD80 15.08.2015 - 11:21
den Hannergrond gefält mir besonnesch mat de Bierger am Niwwel
marker 15.08.2015 - 17:09
..mech freet däi Komentar ze liesen, Merci NikonD80
Jean-Jos 15.08.2015 - 13:37
An d'Méiwen sin et guer nët déi d'Bild markéieren; schéin statësch, flott Linnen mat diffusen Reflektiounen, einfach gutt!
marker 15.08.2015 - 17:22
..den Titel ass geknäipt, vun irgend engem vu senge Biller, Link , an ech hu fonnt dat e géing och gutt bei mäi Bild passen. closed_eye
Merci fir deng Appreciatioun Jean-Jos.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 575 Gäscht online