Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Méif mat Fësch

 
Eng Méif mat Fësch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.07.2015
  • Gekuckt:
    62199
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    287 KB
  • Originaldatum:
    2015:05:08 04:30:53
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83790]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Méif mat Fësch geknippst beim Mate Bence an Ungarn wou ech d'Gelegenheet hat vun engem vun denen beschten Naturfotographen weltwéit eppes béizeléieren.

Dat héi ass déi läschten Foto, déi ech héi eroplueden. Dat wat héi leeft, dat muss keen Mensch sech fräiwëlleg undoen an dofir gëtt dann och fir mech elo Zäit dëssem Site den Réck ze dréinen wéi schon vill anner gudd Fotographen ët och gemaach hunn... d'Lëscht vunn den Nimm ass laang. An dann muss och keen méi sech weinst mengen Fotoën schlecht fillen.

Mais eppes lossen ech héi nët sou stoen:

Ee Groréiher mat Wëlls


Här Del Bianco, dir schréift héi vun Mobbing an dass dir mat mir näischt wëllt ze dinn hunn.

Ech kann ierch soen, ech wëll och näischt, awer och guer näischt mat ierch ze dinn hunn, mais dir sitt deen, den mech ëmmer rëm unschréiwwt. Den ganzen Site ass voll mat Beispiller. Dir belästegt mech ëmmer rëm an ech hunn diers och méi wéi saat an ët geet och elo definitiv duer.

Ech accordéieren ierch héi nach den "Droit de Réponse" mais ech biedden/warnen ierch mech duerno nach eng Kéier unzeschréiwwen, ze beleidegen oder mech an irgend enger Form ze belästegen, sierf dat elo öffentlech oder privat. An zämmt aer Wierder!



Jean-Jos 26.07.2015 - 16:30
Top Foto an enger immenser Luucht
Schluck 28.07.2015 - 12:28
Merci Jean-Jos, ech hunn allerdengs nach ëmmer dat Gefill dass se ee bëssen kippt, obwuel ech lo ee puermol probéiert hunn se ze richten .. wat mengs du ? Vläicht ass ët och just eng Impressioun wëll déi hell Fläch lénks méi breet ass ?
Jean-Jos 28.07.2015 - 19:42
Fir mech kippt se nët, ech denken dat ass éischter eng optësch Täuschung, wëll déi hell Fläch lénks auserernee geet.
Nicole 29.07.2015 - 19:49
smile
Paul-H 26.07.2015 - 18:22
Et ass e ganz groussen Verloscht fir photogen wanns Du Deng Fotoen net méi hei weis.
An ech färten do kommen der nach no.....
Sou lues misst de Comité sech Gedanken maachen firwaat d'Unzuel vun de d'Klicks vun deser Säit roof geet.
Et kann net (nemmen?) un der méi schlechter Qualitéit vun den Fotoen leien säit d'Acceptatioun oofgeschaaft gouf. Deng Fotoen beweisen daat eendeiteg.
Schluck 28.07.2015 - 12:32
Photogen dréint och weider ouni mech. Ech machen dem Johny an dem Comité héi keen Virworf, si hunn jo angegraff mais dat gët dann einfach ignoréiert.

Ech verstinn Sie och, wëll dat do kascht den Johny an den Comité och just onnéideg Energie. An vun dem héi Post war den Johny (an domatt den Comitéclosed_eye och den éischten den informéiert ginn ass.

Maimonides 26.07.2015 - 21:52
Schluck,
dat ass eng groussartig Foto,
an an dësem Fall
soën ech net fir waat.

closed_eye
Schluck 28.07.2015 - 12:34
Merci Charel, dës Kéier froen ech och nët no closed_eye
jorsch 26.07.2015 - 21:57
E super Bild an enger wonnerbarer Luucht.

Keng Biller méi hei vun dir ? ... dat bedaueren ech wierklech!
Schluck 28.07.2015 - 12:42
Merci jorsch, jo ech machen ob allen Fall mol lo héi eng Paus wëll den ganzen Tralala do hunn ech nët néideg. Ech wert lo nët mäin Account héi läschen an ech soen och awer nët nie méi .. mol kucken.

Et ginn och anner Platzen wou ech meng Biller weisen. D'Concertën zb héi:

http://www.rtl.lu/kultur/691247.html

An och fir meng Naturbiller ginn ët méi wéi genuch Méiglechkeeten. Soit ...mais wann ech dat héi lo nach weider matmachen hunn ech gléich keng Loscht méi fir Fotoen ze machen dofir ass den Schratt lo mol eben absolut Noutwendeg.
FraSi 27.07.2015 - 15:55
Klasse Fang!!!
Schluck 28.07.2015 - 12:43
Vielen Dank FraSi!

LG
Nicole 28.07.2015 - 09:58
ech soen heizou einfach T O P Foto alt erëm, an un der Qualitéit vun DENGE Biller zweifelt jo bestëmmt ke méi, bescht Gréiss
Schluck 28.07.2015 - 12:45
Merci Nicole, nee ech wees ... Perfekt sinn se sëcher nët .. an een Gléck soss kéint ech näischt méi béileieren, mais schlecht och sëcher nët.
Nicole 29.07.2015 - 19:45
Perfekt - gët ët dat iwerhaupt.....!!??

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 446 Gäscht online