Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Jedes Böhnchen...

 
Jedes Böhnchen...
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.07.2006
  • Gekuckt:
    22040
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/800
  • Blend:
    f/4.8
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1490x997
  • Späicherplaz:
    466 KB
  • Originaldatum:
    ..26.07.2006
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=8360]
Kommentar vum Fotograf:
do fléien Fatzen...
joellchen 27.07.2006 - 09:49
wow cool foto, nach mat aktioun dobei smile

op menger terasse sen na aeschen geflunn komm :S

as einfach ze warm daat wierder ...
-Laurent- 27.07.2006 - 15:26
een pompjee deen eng bott an brannt setzt? cool
oder waat leeft do grad oof?
Mojoo 27.07.2006 - 15:28
Kuck d'Foto firdrun an dann setz de se an een Zesummenhang..
-Laurent- 27.07.2006 - 15:43
wei obergeil

lo verstin ech ett och
kennen mer net engkeier sou een usertreffen machen ?
daat wir dach cool

hmm een feld ofbrennen
daat wir dach eppes
Mojoo 27.07.2006 - 15:49
Eierlechgesoot ass dat elo net esou "witzeg". Ech verschtin däin Humor schon Laurent, an den Focus hellt dat ganzt jo och en bëssen op d'Schepp, mat sengem Titel deen hien dem Bild gëtt (an daat ass engersäits och ganz flott esou!!), mee trotzdeem ass jo awer vill Schued enstaanen. Ech bezéien meng Réaktioun elo op deen "...hmm een Feld oofbrennen.. daat wier dach eppes" an "Usertreffen". Net béis ophuelen smile

//Edit: Ok, ech muss elo zougin dass ech do eppes falsch verschtaanen hun bei deer aanerer Foto. Ech hun geduercht dei Fraa wär duerch deen Brand hei accidentéiert.
-Laurent- 28.07.2006 - 14:38
jo keen problem cool
suergen musst der iech keng machen ett huet haut gereent an feld wollt einfach net unfaenken ze brennen smile

deshydratatioun heescht? ähm? ze weinech wasser am kierper hmm
mol iwerleen hmm..naja eigentlech haat ech gescht zimlech vill gedronk
daat kann ett also net gewiecht sin hmm...
faellt mer och neicht an...

naja sin net beis
winnenstens eierlech sidd der

also wann lo natirlech een mensch zou schued komm wier durch de brannt haett ech lo keng witzer hei gemeet
daat wir makaber mee naja k armen bauer deen sein feld verluer huet
naja den kritt lo mei subciden wei ett um unfank waert war an angeblech sin aeschen jo een ganz gudden duenger cool
Focus 28.07.2006 - 14:44
eirlech gesoot fannen ech et och méi schlemm wan en Kand sein Fanger brecht wéi wann sou en Feld brennt. Gesait just méi dramatesch aus. Ausserdem as et eng gutt Übung fir eis genial Pomjeeen. An fir den Mënz-Verloscht hun mer jo Assurencen.

Also mach der net zefill draus Laurent.
-Laurent- 28.07.2006 - 15:07
fannen feier saumeisech amuesant am moment
naja schaffen grad als vakanzabrecht bei der gemeng
an do sin jo lauter pomjeen naja an zb haut huet ett jo zu buerschend gebrannt do waren dei dikkrecher dann och rem do
an waehrend der zeit kann een dann schein relaxen well cheffen iergendwou een turm laeschen gin
naja mee ech sin lo och net den schrecklechen pyromaan
zb hun ech nach viergescht engem geroden seng zigarett net op daat scheint feld mat den botten ze geheien cool

hmm sin iergendwei rem voll offtopic naja
deet mer leed jade an mojoo
wollt iech net mat mengem komeschen emgeknecksten moraldenken schockeiren
ech bieden einfach dreimol den rousenkranz an helefen enger aaler boom iwert stroß
sin mer dann quit? :--)
JADE 28.07.2006 - 15:28
Ass, ok Laurent an Focus.
Bei esou engem Saatz hun ech einfach ROUD gesin! ..... well dir wësst jo och dass ët bei esou engem "klengen" Feier, och emol méi grouss an haaptsächlech méi schlëmm ausaarten kann.

Gell Focus, du waers ët jo och schon gesin hun ..... du wars jo do ënnen beim "Sandmännchen" ...... do geet ët oft matt enger Klengegkeet lass, an dann sin ganz Dierfer déi verschwannen. Ok, hei geschitt daat nët (Equipement, Leit, aaner Feierdimensiounen....).

Mee dofir hun ech esou réagéiert .... well wanns de bis eng Kéier an esou eppes dran wars, an bangen muss, wells du keen vun dengen méi erëm fënnst, an och well alles waats du hues riskéiert ofzebrennen ...... dann gesäit een daat schon aanescht ......
.... mee do sin ech dann wahrscheinlech zevill subjektiv gin .....
-Laurent- 28.07.2006 - 15:55
keen problem
em naja ech brabbelen och vill scheis daat muss ech hei och mol soen cool
JADE 28.07.2006 - 16:11
Jo, nawell .... du bass zimlech inspiréiert doranner!! ........


.... heeeep !! ...... ech machen den Geck! .... awer nëmmen liicht ...... closed_eye ......
Focus 28.07.2006 - 17:15
HUes schons recht das den Witz seng Grenzen soll kännen. Sälwer sin ech gutt placéiert, ech hun als Jugentlechen an eisem Haus geschloof wou et komplett oofegebrannt as. Daat war net lëschteg. Ech sin du nodeems ech raus war hannert dem Haus durch Fenster vun mengem groussen brudder geklom fir seng Guitar ze retten. Et war eng wonnerschéin roud Western Guitar, leider schwarz wou ech se gerett haat.
JADE 28.07.2006 - 01:19
Oh joooo, daat wier dach mega!
Een Usertreffen machen, an dann een Feld ofbrennen! ... Coooooool! .... Obergeil, wéis du sees!

-Laurent-, ech machen mir Suergen ëm dech ..... leids du nët villäicht un Deshydratatioun? ....

Och wanns du elo roosen matt mir solls gin, dann ass ët eben esou ..... mee waats du hei schreiws ass sëcherlech nët ganz unbruecht, fir nët ze soen nët ganz "clever", och wann ët fir ze gecksen ass ..... daat ass schon mol keen schwaarzen Humor méi ..... unhappy ...... esou Leed ët mir och deet .... sorry ... mee ... nee


Allez .... sans rancune -Laurent- ! ...... just think twice ... closed_eye
CANON 27.07.2006 - 21:06
Eng Gut Foto....et wees en nett op en Feier do ass oder nett ,mee gut Kadrage och gut gesinn ....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 590 Gäscht online